Search

You may also like

En autofräien Dag fir d‘Stad Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

En autofräien Dag fir d‘Stad Lëtzebuerg

déi gréng (Sektioun Stad) hunn zwou Motioune virbereet, iwwert déi

money
De Präis fir e Liewen: 2 Milliounen US-Dollar!
International Neiegkeeten

De Präis fir e Liewen: 2 Milliounen US-Dollar!

Kleng Kanner déi u spinaler Muskelatrophie leide kann elo an

Israel huet op e neits géint Rakéiten aus Gaza ripostéiert
International Neiegkeeten

Israel huet op e neits géint Rakéiten aus Gaza ripostéiert

Déi israelesch Loftwaff huet zéng Objektiver vun der Hamas bombardéiert.

Looss dech impfen esoulaang s de et nach fräiwëlleg kanns

Zu Moskau an a gewësse Provënze setzen déi russesch Autoritéiten den Impfzwang duerch

Looss dech impfen esoulaang s de et nach fräiwëlleg kanns

D‘Russe waren déi éischt, déi mam Sputnik V ee Vaccin presentéiert hunn. Et war dat am Summer 2020. Mee de Russ schéngt e Skeptiker ze sinn… eréischt 12% vun der Populatioun si geimpft. An dat kann oder dierf net sinn, grad elo wou sech déi sanitär Kris a Russland nees zouspëtzt.

An der russescher Haaptstad geroden d‘Spideeler nees un hir Grenzen. De Buergermeeschter Sergej Sobjanin rifft d‘Awunner zur Virsiicht op an sech Impfen ze loossen. Mee esou Appeller gi kaum gehéiert, firwat elo duerchgegraff gëtt. Fir déi beschäftegt aus gewësse Secteure gëtt et elo eng Impfflicht. Eleng zu Moskau betrëfft dat 2 Millioune Mënschen. An et gouf breet gestreet…

Sputnik

Esou hunn déi moskowitesch Autoritéiten en Dekret geholl an et gouf kee Beruff esou wierklech ausgelooss. Vum Taxichauffer bis zum Enseignant, vun der Coiffeuse bis zur Bankberoderin, vill Beruffer dierfen nach just ausgeüübt ginn, wann ee geimpft ass. An de Provënzen huet een déi vu Moskau ergraffe Mesure gepréift, fir gutt befonnt an esou och am grousse Ganzen iwwerholl.

Dat kann ee verwonneren, besonnesch wou engem net direkt ersiichtlech ass, firwat grad d‘Russen hirem Sputnik V net vertrauen. Deen huet jo awer ënnert de Experten een éischter gudde Ruff, a gouf och an de renomméierte Fachzäitschrëften zimmlech ëmfänglech behandelt. Mee de Russ lauschtert weder op Experten nach liest e Fachzäitschrëften… an den Internet huet ëmmer Recht.

Falls e freet firwat Bildung sënnvoll ass

Bei de Russen – wéi iwwregens och an eise Géigenden – ass d‘Vertrauen eppes gestéiert. Si loossen sech vu Schauermäerecher zu onméiglechen Niewewierkungen iwwerzeegen, am Internet liwweren sech Arméie vun aarmséilege Geeschter – do heeschen se Troll – ee Concours iwwert déi dommsten an improbabelst Behaaptungen, a wat méi déck opgedroe gëtt, wat de Mënsch et besser frësst.

Sputnik

Am zaristesche Russland vun der Neizäit huet et nach ee weidere Problem. De Russ gleeft – aus Grënn – net emol datt dee Coronavirus mat der Bezeechnung SARS-CoV2 reell ass. A wien aus anere Grënn bereet ass d‘Existenz vun der Infektiounskrankheet unzëerkennen, ass do iwwerzeegt datt d‘Geféierlechkeet vum Virus massiv héichgespillt gëtt. Dobäi hätt et zouverlässeg Infoen.

Et kann een allerdéngs net nëmme bekloen, datt a Russland d‘Bierger eppes skeptesch sinn, well natierlech hunn och d‘Autoritéiten eng Deelschold. Wat haten si sech an d‘Broscht gehäit, wéi et leschte Summer mam Sputnik V éischt Erfolleger hat. Do ze behaapten et hätt een d‘Kris esou gutt wéi iwwerstanen, an datt Russland sécher kee Problem mat Pandemie hätt… vläicht eppes gewot.

Well dem Mënsch net ze hëllefen ass

Wien dann elo mengt, datt déi „inoffiziell“ Kanäl scho Misär genuch sinn, ass mat sengem Leed net um Enn. Och déi vum Pouvoir kontrolléiert Medien, hunn hiert Bescht gi fir de Leit Zweiwel an d‘Käpp ze setzen. Et gouf an dëse Medie behaapt datt déi westlech Vaccine geféierlech wieren. Net datt dat géif stëmmen, mee et goung jo drëms de Sputnik V als d‘Nummer „1“ ervirzehiewen.

Den éischte Präis geet awer un den hallefstaatleche Sender „Perwy kanal“ (Первый канал). Den éischte Kanal vun der russescher Tëlee ass – trotz oder vläicht grad wëll ee sech op RTL-Niveau beweegt – immens beléift. Dëse Sender war sech net ze schued zu beschter Sendezäit eng massiv Verschwierungstheorie zum Coronavirus an den derhannert stoende béise Muechten ze verbreeden.

Et bleift nach kloerzestellen, datt den Impfzwang net aus dem Kreml virginn ass. Den Zar Vladimir I. hat nach rezent vun enger Impfflicht ofgeroden. Dëse Point de Vue huet de russesche President och net opginn, mee op lokalem Niveau gesäit ee sech unhand dem geréngen Impf-Zousproch elo genéidegt de Leit ze erklären: „Looss dech impfen esoulaang s de et nach fräiwëlleg kanns“…

mat indymedia/mow

Related topics Impfflicht, Impfzwang, Moskau, Russland, Skepsis, Sputnik V
Next post Previous post