Search

You may also like

International Box-Gala um 4. Mee – Ab an de Ring!
Neiegkeeten

International Box-Gala um 4. Mee – Ab an de Ring!

Um kommende Samschdeg Owend gitt Dir all op Diddeleng an

Lëtzebuerg steet den Inder bäi
Neiegkeeten

Lëtzebuerg steet den Inder bäi

Nodeems eis Regierung beschloss huet, den Inder am Kampf géint

Wäisswampech: E Raiffeisen Bankomat gouf gesprengt
Neiegkeeten

Wäisswampech: E Raiffeisen Bankomat gouf gesprengt

Wéi d’Police matdeelt hunn Onbekannter an der Nuecht géint 01:40

Looss dech Impfen! (a stell net esouvill Froen)

Looss dech Impfen! (a stell net esouvill Froen)

Wärend a villen europäesche Länner ganz ënnerschiddlech, jo reegelrecht widderspréchlech mat de Vaccine vun AstraZeneca (elo Vaxzevria) an Janssen ëmgespronge gëtt, huet Lëtzebuerg decidéiert net sech net „ustiechen“ ze loossen, a setzt dës Impfstoffer weider onbegrenzt an.

Aus dem Gesondheetsministère heescht et dann och, datt ee sech un d‘Recommandatioune vun der europäescher Medikamentenagence EMA hält. Vun aussergewéinleche Virfäll déi mam Impfe verbonne ginn, wéi déi oft zitéiert Thrombosen, kann zu Lëtzebuerg keng rieds sinn, woubäi ee Virfall nach ze klären ass. Hei war eng Persoun 14 Deeg no der Impfung verstuerwen. Detailer goufe keng genannt, wat een als vertrauensbildende Gest wëll verstane gesinn.

Lëtzebuerg hat 2.400 Janssen Dose kritt, weiderer ginn erwaart, esoubal den Hiersteller se nees zur Ausliwwerung fräi gëtt. Wat do ass, soll dann och agesat ginn. De Janssen huet jo niewebäi den agreabele Virdeel, datt et nëmmen eng Kéier soll wéi doen. Och beim AstraZeneca, deen esou ee schlechte Ruff huet, datt en an Vaxzevria huet missen ëmgedeeft ginn, hält ee sech un d‘EMA, also gëtt et weider agesat. Béid Vaccine sinn awer Thema bei der Sëtzung vum Regierungsrot.

Ob et eventuell sënnvoll wier, vertrauenswierdeg Experten (där huet et wierklech zu Lëtzebuerg) zu Wuert kommen ze loossen, fir de Leit emol verständlech ze maachen, wat et mat Niewewierkungen esou op sech huet, wat ee Risk vun 1:1.000.000.000 am reelle Liewe bedeit? Dat hänkt dovunner of, wéi een eng Impfcampagne gestalte wëll: politesch (mat Bléck op 2023) oder fundéiert (mat Aussoe vu Leit déi Anung hunn). Aktuell schéngt sech d‘Regierung éischter op 2023 ze konzentréieren.

Illustratioun: © Spencer Davis / unsplash

Next post Previous post