Search

You may also like

Appell zur Solidaritéit mat den Affer an Haiti an Afghanistan
Neiegkeeten

Appell zur Solidaritéit mat den Affer an Haiti an Afghanistan

Iwwert de Weekend huet sech Dramatesches zu Haiti an am

Saudiarabien: Déi „rout Linn“ am Dossier Khashoggi
Neiegkeeten

Saudiarabien: Déi „rout Linn“ am Dossier Khashoggi

Déi sëllechen Opriff, d‘Verantwortung vum saudesche Krounprënz Mohammed ben Salmane,

50 Joer Mouvement Ecologique: Zum Gebuertsdag en Timber
Neiegkeeten

50 Joer Mouvement Ecologique: Zum Gebuertsdag en Timber

50 Joer, datt ass e laangen Dag. Datt een esou

Eng nei Sensibiliséierungs-Campagne vum Verkéiersbond

Eng nei Sensibiliséierungs-Campagne vum Verkéiersbond

Zesumme mat de Lëtzebuerger Museker vun De Läb well de Verkéiersbond op d’Sensibiliséierung-Campagne „Looss et rullen“ opmierksam maachen. 2014 goufen si mat dëser Aktioun souguer mam Media Award Gold ausgezeechent.

Elo ass d’Campagne iwwerschafft ginn a gëtt mam Slogan „Zäit fir ëmzeklammen“ ënnerstëtzt. Déi zweet Versioun vu „Looss et rullen“ baséiert op engem originale Lidd vun De Läb, extra geschriwwe fir d’Campagne, wat virun allem op d’Virdeeler an de Wäert vum ëffentlechen Transport soll hiweisen.

D’Lidd, wéi och de Video sinn net esou ganz seriéis ze huelen a weisen d’Karikatur vun enger ze vill confortabeler Natioun, déi just versicht sech mam Auto virun ze beweegen. Et ass an dësem Kontext wou d’Karikatur an d’Realitéit nees openeentreffen: d’Halschent vun den alldeeglechen Trajete kéinten zu Lëtzebuerg duerch alternativ Modeller ersat ginn. Dofir muss awer jiddwereen seng Gewunnechten änneren.

Iwwerfëllten Autobunnen, individuell motoriséiert Mobilitéit, déi momentan iwwerleeft, Krankheeten, déi mat mat eiser Inaktivitéit verbonne sinn. Et gëtt Zäit eppes ze änneren – Zäit fir ëmzeklammen.

D’Iddi baséiert dorop, de Reesenden den ëffentlechen Transport als Platz vun der Fräiheet schmackhaft ze maachen. Esou hu si Zäit fir ze liesen, sech ze entspanen oder schonn emol virzeschaffen.

Related topics De Läb, Ëffentlechen Transport, Looss et rullen, Musék, Sensibiliséierungscampagne, Stau, Verkéiersbond, Video
Next post Previous post