An, Loscht den Uewen unzemaachen?

Um haitege Mëttwoch gëllt den 22. Dezember zanter dem Joer 2020 (an Däitschland) als Dag vum Chrëschtdagsgebäck.

Firwat dofir dësen Datum erausgesicht gouf ass net bekannt, et ass éischter eng Erënnerung am Kalenner, datt d’Kichen och nach onbedéngt no Chrëschtdag riche muss.

Deemno wéi sollt awer schonn éischter mam Baken ugefaange ginn, ënnerschiddlech Bakwuere brauchen hier Zäit, fir hire vollstännegen Aroma ze entfalen. An da schmaacht et nach besser.

Dobäi kënnt nach, datt déi meeschte Bakwuere schonn am September/Oktober a Geschäfter vertruede sinn – et heescht also, deen éischten ass vir. Ëm Chrëschtdag ass scho bal näischt méi an de Regaler ze fannen. Dat ass scho bal ironesch. Dofir sollt onbedéngt e bëssen am Viraus geplangt ginn.

Déi genee Urspréng vum Chrëschtdagsgebäck sinn nach ëmmer net genau gekläert. Kulturwëssenschaftler denken awer, datt sech dës Traditioun an engem mëttelalterlechem Klouschter erginn huet. Dës besonnesch Kichelcher sinn deemools un aarm Leit verdeelt ginn.

A mat der Zäit ass de leckere Stollen, de berüümte Liefkuch, Spekulatius, deen an de Kaffi gezappt gëtt, Vanillekipferl an elauter aner Leckereien entstanen. Mandelen, Nëss a Séissegkeete verfeineren d’Gebäck mëttlerweil a ginn deem ganzen eng besonnesch Nout.

Do kritt een dach direkt Loscht an d’Kichen ze goen a mam Bake lasszefueren. Ganz einfach Rezepter sinn hei ze fannen, se schmaache villäicht net esou gutt ewéi bei der Boma, mee lecker sinn se op jiddwer Fall!

Dernières nouvelles