Search

You may also like

Nëmme Bicherwierm kennen sech gutt genuch mat de Lëtzebuerger Schrëftsteller aus, fir hei e perfekte Score ze kréien
Neiegkeeten

Nëmme Bicherwierm kennen sech gutt genuch mat de Lëtzebuerger Schrëftsteller aus, fir hei e perfekte Score ze kréien

[onionbuzz quiz-id=155][/onionbuzz] D’Lëtzebuerger Literaturzeen wiisst a wiisst vu Joer zu

Asyl amplaz Push-Backs!
Neiegkeeten

Asyl amplaz Push-Backs!

Gesondheet ass en universellt Grondrecht, dat all Mënsch zousteet. Seelen

USA: Krichspresident erléisst Krichswirtschaftsgesetz
Neiegkeeten

USA: Krichspresident erléisst Krichswirtschaftsgesetz

Eigentlech sinn d‘Bosse vun Industrie a Wirtschaft seng „Kumpel“, mee

Loscht op Däitschland? Da mellt iech un!

Loscht op Däitschland? Da mellt iech un!

Dat d‘Joer 2020 sech net an de Geschichtsbicher als ee Joer vu politesche Glanzleeschtunge wäert androen, dat gëllt quasi fir déi ganz lescht Dezenie, mee fir dëst besonnesch. Schold huet de Virus Covid19, deen net eleng d‘Otemweeër a Matleedschaft zitt, mee och dat politescht „Denken“ ganz nei zortéiert. Dat esouwuel bei de Politiker selwer, wéi och an de Bevëlkerung.

Am Fréijoer haten eis germanesch Kosenge jo esou séier d‘Grenzen zougeneelt, wéi se ugangs 40 iwwert se ewech gespronge sinn. Et huet vill diplomatescht Geschéck gebraucht: béidersäits der Granz hu sech d‘Buergermeeschter zesummegeschloss, de Jean Asselborn huet vill a laang mam Heiko Maas verhandelt a schlussendlech huet den Horst Seehofer sech besënnt, an et goung nees.

Elo an der zweeter Well, sollt et méiglechst net méi zu Grenzschléissunge kommen. Esou wëllen et d‘Leit aus der Groussregioun an esou wëll et och Bréissel. Dat féiert derzou, datt ee sech aner, méi akzeptabel Moossnamen iwwerluecht huet, an et schéngt, wéi wann et elo däitlech de Robert-Koch-Institut (RKI) wier, deen d‘Jalone leet an d‘Marschrichtung bei eisen däitschen Nopere bestëmmt.

Zanter gëschter Sonndeg 8. November 2020, mussen sech Persounen, déi sech an engem vum RKI als Risikogebitt agestuuften Areal opgehalen hunn (an de leschten zéng Deeg) virun hirer Arees an Däitschland elektronesch enregistréieren. Esou huet et den Ausseministère op senger Internetsäit jo och ugekënnegt. Wien also eng „Rees“ déi aner säit der Musel virgesinn huet, sollt Internet hunn.

Ëmmer de Reegelen no spillen

Ënnert http://www.einreiseanmeldung.de/ kann een dat entspriechend Dokument dann och ausfëllen et sief et wier een ongedëlleg an/oder et hätt een ebe keen Zougang zum Internet. Woubäi et dann och nees ongezielten Ausname gëtt, wat dann deem ganze Gespills net wierklech zu Transparenz verhëlleft. Woubäi dës „Ausnamen“ zanter längerem Bestand hunn an eigentlech bekannt sinn.

Wien just duerch eist Land am Transit gefligert ass, muss sech also net umellen, et sief hie kënnt aus engem anere vum RKI als Risiko agestuufte Land. Och wien just am Transit duerch Däitschland reest, brauch sech net unzemellen. Natierlech sinn och d‘Grenzgänger vun der Umeldung befreit. De berufflech bedéngten Transport vu Mënschen a Wueren, gehéiert och zur den Ausnamen.

Bleift nach drop hinzeweisen, datt eis däitsch Kosengen och weiderhinn net gewëllt sinn ënner Beweis ze stellen – an dat obwuel si d‘EU-Presidence hunn – datt et besser wier, wa jidderee an déiselwecht Richtung ruddere géif. All Bundesland mécht wat et wëll a Berlin beklot zu Bréissel, datt et keng gemeinsam Richtlinnen huet. Mee dat léisst sech net vu Lëtzebuerg aus änneren…

Et soll een also och nach, nieft uewe genannter Internetadress, ëmmer op den Internetsäite vum Bundesland dat ee besiche wëll, nokucken, wat op der Plaz gefuerdert ass. Laut dem Ausseministère behalen déi bis ewell decidéiert Moossnamen an de Bundeslänner Rheinland-Pfalz a Saarland awer hir Gültegkeet. En Openthalt vu manner wéi 24 Stonnen, stellt hei kee Problem duer.

Illustratioun: © Mika Baumeister / unsplash

Related topics Areesbestëmmungen, Covid19, Däitschland, RKI, Robert-Koch-Institut, Umeldung
Next post Previous post