Search

You may also like

Asteroid TC4: Knapp derlaanscht ass och dernieft
Kultur Neiegkeeten

Asteroid TC4: Knapp derlaanscht ass och dernieft

Um haidegen Donneschdeg 7.41 Auer, ass den Asteroid TC4 a

Burkaverbuet: De Staatsrot an d‘Regierung ginn sech net eens
Kultur Neiegkeeten

Burkaverbuet: De Staatsrot an d‘Regierung ginn sech net eens

Mat engem Gesetz zum Vermummungsverbuet, dat beim Staatsrot einfach keen

Kufa’s Urban Art: D’Editioun 2020 gëtt verréckelt
Kultur Neiegkeeten

Kufa’s Urban Art: D’Editioun 2020 gëtt verréckelt

D’Kulturfabrik an d’Stad Esch musse leider matdeelen, datt duerch d’Coronakris

Loscht op e gudde Pättche Wäin?

E Sonndeg ass Éiner Wënzerdag an do bleift garantéiert keng Strass dréchen

Loscht op e gudde Pättche Wäin?

Wann de ganze Summer iwwer a villen Dierfer déi lokal Veräiner sech a Schuel geheien, esou gëtt e puer Fester déi sech ervirhiewen. Besonnesch op eiser Musel ass uerdentlech eppes lass, esou och muer zu Éinen, wou schonn de 36. Wënzerdag zelebréiert gëtt.

An Éinen huet e puer Spezifizitéiten déi dëst Fest besonnesch maachen. Zum engen ass dat ganzt Duerf mat senge charmante Gässelen esou schonn eng Attraktioun fir sech, zum anere kann Éinen op eng laang Wënzertraditioun verweisen. D‘Gaassen hunn näischt vun hirer Identitéit verluer an d‘Kierch hat hei laang den Domm drop gehalen. Déi huet hir Steieren (Zéngt) hei an „Natura“ erhuewen a se sech per Schëff op Tréier liwwere gelooss…

D‘Éiner hu missen op déi franséisch Revolutioun waarden, fir „steierlech entlaascht“ ze ginn. Déi „nei Hären“ am Land hate sengerzäit der Kierch d‘Wéngerten ofgeknäppt fir se ënnert den Awunner opzedeelen. Duerno war et laang „roueg“ zu a ronderëm Éinen. Mee et war en Duerf mat „Afloss“. Esou hat sech hei d‘Eechamt néiergelooss eng wichteg a gefaarten Administratioun, déi uecht gedoen huet, datt keen iwwert d‘Strengt geschloen huet.

Mee dat wat mir haut als „Éiner Wënzerdag“ kennen, huet säin Ursprong am Joer 1983 fonnt. Säit elo zwee Joer gëtt et och schonn Animatiounen um Samschdeg, wou ab19 Auer op de Kierchplaz schonn emol ka Mooss geholl ginn. Richteg lass awer geet et eréischt muer de Moien, dat mam Cortège vum Kulturzenter bis an d‘Kierch. Hei schleefen e puer Staark Männer d‘Faass Riesling bis bei de Paschtouer, deen de neie Joergank seene soll.

Ass d‘Mass iwwerstane geet dem Riesling seng Rees weider bis un d‘Ufer vun der Musel. Hei wäert dann de Buergermeeschter vu Wuermer, Max Hengel (CSV), d‘Faass opschloen. Säin Inhalt gëtt uschléissend als „Aperitif“ zerwéiert. Dat besonnescht un dësem Faass Riesling: et ass dat wat een eng speziell „Cuvée“ nennt, zu där all d‘Wënzer vun der Gemeng e Beitrag geleescht hunn. Ob dat schonn duer geet fir „besonnesch“ ze sinn?

D‘Äntwert dorobber gëtt ee sech am beschte selwer andeems een e schmaache geet. An et geet jo net nëmmen ëm den Apero. Ass d‘Faass ugeschloen a sinn d‘Gäscht zefridden, kann een uschléissend am ganzen Duerf vun engem Wënzer zum anere goen, fir sech en eegent Bild vun hirem Kënnen ze maachen. Donieft suergen d‘Veräiner aus der Gemeng fir den Honger, an et soll esouguer e gastronomeschen Héichpunkt gebuede ginn.

Fir déi musikalesch Animatioun suergen Duerfmuseken an Harmonien aus dem Land. Esou déi Wuermer Harmonie, d‘Greiweldenger an déi Ouljener Musek. D‘Fanfare vu Menster ass och ageluede ginn an déi Stater „Harmonie Municipale“ wier och e gudde Grond d‘Rees op sech ze huelen. Wéi der gesitt, ass d‘Offer komplett, woubäi een allerdéngs gutt beroden ass, entweder e Chauffer ze designéiere deen de Jus dem Wäi virzitt.

Vill Informatioune gëtt et och op Facebook

Foto: © Associatioun Éiner Wënzerdeg

Related topics Einen, Éiner Wënzerdag, Max Hengel, Musel, Riesling
Next post Previous post