Search

You may also like

Opgepasst: Saisonsbedingte Wëldwiessel!
Stories

Opgepasst: Saisonsbedingte Wëldwiessel!

De Fall gesat et wier iech entgaangen: wëll Déieren halen

Hurrikan Michael: De „Mich“ zerleet de Nordoste vu Florida
Stories

Hurrikan Michael: De „Mich“ zerleet de Nordoste vu Florida

Mat engem Wand, deem seng iwwerméisseg Gewalt fir schwéierst Schied

Lues awer sécher: Kanada um gudde Wee de rekreative Cannabis ze legaliséieren
Stories

Lues awer sécher: Kanada um gudde Wee de rekreative Cannabis ze legaliséieren

Kanada huet e weidere Schratt a Richtung Legaliséierung vum rekreative

Loscht op en Tour mam Vëlo?

Loscht op en Tour mam Vëlo?

Den Drotiesel féiert dëst Joer säin 200. Gebuertsdag. Net deen eenzege Grond fir en Tour mam Vëlo ze maachen awer een fir sech unzekucke wat esou gebuede gëtt.

An hei ass eppes, datt dierft jiddereen interesséieren: „Op de Spuere vum Vëlo“ heescht en Tour dee vun der Lëtzebuerger Vëlosinitiativ (LVI) an dem nationale Conservatoire fir historesch Gefierer (CVNH) organiséiert gëtt.

Et soll dann och ee gemittlechen Tour ginn, wat och deenen net esou trainéierten d‘Geleeënheet gëtt matzefueren. Den Tour féiert vu Lëtzebuerg iwwert déi national Vëlosweeër PC1, PC15 a PC16 bis Dikrech.

Wien et gepackt huet, an mat all deenen anere viru Mëtteg ukomm ass, kann dann och mat iesse goen. Nom Mëttegiessen ass dann de Besuch vun der Ausstellung „200 Joer Vëlo“ am Musée vum Automobil ugesot. Den CNVH bitt hei eng Féierung duerch d‘Geschicht vum Drotiesel.

Géint véier Auer geet et dann zesummen op Ettelbréck, vu wou aus ee mam Zuch kann zréck an d‘Stad. Wien awer nach Loscht huet, dierf gäre mat der Equippe vum LVI bis Lëtzebuerg an d‘Pedall drécken.

Well et nëmmen eng begrenzt Zuel vu Plaze gëtt, muss den LVI op enger Reservéierung bestoen. Umelle muss ee sech bis de 6. September. Rendez-vous ass dann de 9. September um 9. Auer op der Gare vu Lëtzebuerg.

Méi Informatioune fannt dir op www.lvi.lu

Next post Previous post