Search

You may also like

EU: Eng ganz Partie Länner wëllen um Budget vun der PAC festhalen
Kultur Neiegkeeten

EU: Eng ganz Partie Länner wëllen um Budget vun der PAC festhalen

Si sinn zu hirer 20, dorënner Frankräich, déi sech e

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt
Kultur Neiegkeeten

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt

Et war sech keng Iwwerraschung erwaart ginn, an et gouf

Eng Fläsch fir de gudden Zweck: Cuvée „Schueberfouer“ 2018
Kultur Neiegkeeten

Eng Fläsch fir de gudden Zweck: Cuvée „Schueberfouer“ 2018

E gudde Cremant fir de gudden Zweck, datt ass eng

Loscht op Kino?

Loscht op Kino?

Wann d‘Wieder iwwert de Weekend eigentlech de Bedreiwer vun de Kinoen am Land hätt kënnen entgéintkommen, esou hält sech d‘Freed bei dësen a Grenzen. Zanter Mëtt Juni ass et jo nees méiglech an de Kino ze goen, an d‘Oplagen si fir de Gaascht net wierklech e Problem. Mee et ass net einfach d‘Leit nees unzelackelen an et gëtt jo och „Alternativen“.

Op d‘Autoskinoe, d‘Solden oder d‘Nowéie vun der Covid19-Pandemie, méiglecherweis all dräi Facteuren zesummen, de Problem sinn? Wéi och ëmmer, um Kierchbierg kritt dee gréisste Kino-Komplex grad emol en Drëttel vu senger Kapassitéit ausgelaascht, an um Belval gesäit et nach Grëtz méi schlecht aus. An et gëtt net wierklech Villes wat sech dergéint ënnerhuele léisst.

Gutt et gëtt eng Rei nei Filmer, woubäi net emol de Film „De Gaulle“ elo wierklech als Highlight ze bezeechne wier. Op där aner Säit, hunn sech d‘Leit an den dräi Méint Confinement un déi „nei Medien“ gewinnt. D‘Abonnementer bei Netflix an anere VOD-Ubidder si geklommen, an de Kino doheem bitt eng Rei Virdeeler, déi bei de Mënschen op grouss Zoustëmmung treffen.

De selwer gemaachte Popcorn ass net nëmme Präiswäert, mee och nach ee gellege Spaass, dat besonnesch fir Famillje mat Kanner. Et leeft och net Gefor virum oder nom Kinosbesuch zousätzlech Ausgaben ze maachen, a wie Pizza am Frigo huet, ass schonn op der gewonnener Säit, an näischt hënnert een drun se selwer zesummenzebastelen (siehe Popcorn). Firwat also Kino?

An et ass – wann ee sech un d‘Recommandatioune vun de groussen Haiser hält – och net méi wierklech eng spontan Decisioun, vu datt d‘Haiser et gäre geséichen, datt ee sech iwwert Internet fir ee Film zu enger gewësser Zäit umellt. Dat mécht Sënn, soll dach méiglechst all Kontakt vermidde ginn. Mee dat huet och seng Nodeeler, an alles wat de Charme vum Kino ausmécht ass fort.

Wann awer d‘Leit net méi an de Kino ginn, grad an esou grouss Anlage wéi se de Kierchbierg oder Belval hunn, gëtt och Kollateralschied. Op dëse Plaze gëtt Restauranten a Bistroen, déi op dës filmbegeeschtert Clientèle ugewisen, och grad wëll si jo manner Plaz fir den Accueil hunn. Si misste fir op hir Käschten ze komme méi Servicer ubidden, mä wa kee kënnt steet en do ze stoen.

An da kënnt elo och nach de Summer an d‘Stad Lëtzebuerg wäert mat der Cinemathéik um Glacis nach ee weideren Autokino ubidden. Mat Péiteng a Capellen hätt en därer dann dräi, an et ass och keen do, deen de Verléiften d‘Knuddele verbitt, esoulaang dat sech en engem Gefier ofspillt. Et kann also nach en Ament daueren, bis d‘Kino-Komplexer nees Faart wäerten ophuelen.

Illustratioun: Esou kann et ausgesinn, wann d‘Offer der Contrainte näischt entgéintzesetzen huet. D‘Konkurrenz duerch den „Home-Zinema“ ass dann elo och zur Realitéit ginn an et muss ee längst net méi éiweg waarden, fir sech de Film doheem unzekucken. An dat och grad da wann ee Loscht drop huet, ouni sech mussen unzemellen, sech ze deplacéieren a villes méi… © Karen Zhao / unsplash

Related topics Blockbuster, Covid19, Filmer, Kino, Kris
Next post Previous post