Search

You may also like

D‘EU-Parlament an de Viktor Orban: E géigesätzlecht Rechtsverständnes
Meenung Neiegkeeten

D‘EU-Parlament an de Viktor Orban: E géigesätzlecht Rechtsverständnes

Et dierft keen agreabelen Dag fir d‘EU-Deputéiert zu Stroossbuerg ginn.

Dem Sultan säi Krich (Analys)
Meenung Neiegkeeten

Dem Sultan säi Krich (Analys)

Den tierkesche President huet sécherlech eng zolidd mat der Dänn,

dislike
Déi Lénk: Solidaritéit mat Katalounien
Meenung Neiegkeeten

Déi Lénk: Solidaritéit mat Katalounien

Solidaritéit mat Katalounien, dat ass keen Dossier fir d’Regierung. Et

LSAP: Atommüll? Nee Merci!

LSAP: Atommüll? Nee Merci!

D’LSAP, besonnesch déi direkt betraffen LSAP Süd- an Nordbezierker, ass géint déi aktuell Propositioun vun der belscher Regierung fir en Endlager fir radioaktiven Offall an der Grenzgéigend opzeriichten.

Als LSAP deele mir d’Suergen a Bedenke vu ville Bierger géigeniwwer de Pläng vun der belscher Regierung, fir méiglecherweis an der Géigend vum Lëtzebuergesch-belsche Grenzgebitt ee geologescht Endlager fir héichradioaktiivt an/oder laangliewege radioaktiven Offall ze erriichten. Schliisslech besteet d’Erausfuerderung dodran den Atommüll esou ze lageren, datt en déi nächst honnertdausende Jore bis zu enger Millioun Jore sécher agespaart ass an esou kee Risiko fir Mënsch an Natur besteet.

Bei den aktuell virgeschloene Standuerter stelle sech awer grad a Punkto Sécherheet e puer gravéierend Froen. D’Schifergesteen, dat an der Synklinale vun Neufchâteau läit, ass eiser Meenung no kee gëeegente Standuert fir eng geologesch Endlagerung vu radioaktivem Offall. Souguer déi zoustänneg belsch Autoritéite kommen an hirem Rapport zur strategescher Ëmweltprüfung zum Schluss, datt am Moment just wéineg Etüden zur Eegnung vu Schifersteen virleien.

Zousätzlech mierke si nach un, datt si selwer och nach keng experimentell Ënnersichunge mat dem Gesteen virgeholl hunn. Genau an deem Punkt hätte mir eis am Virfeld méi wëssenschaftlech fundéiert Etüde gewënscht, amplaz d’Bierger ze bieden oninforméiert un enger ëffentlecher Consultatioun deelzehuelen. Hei hëlleft et och kengem, datt déi belsch Ëmweltministesch Marie-Christine Marghem net midd gëtt ze betounen, datt nach keen definitive Standuert fir d’Entlagerung festgehale ginn ass an datt weider Ëmweltetüden nokommen. Dëst suergt fir weideren Onmutt bei de Bierger op belscher, wéi och op Lëtzebuerger Säit.

Dobäi kënnt, datt et sech bei der genannter Synklinale vun Neufchâteau ëm eng Gesteensfal handelt, déi bis a Lëtzebuerg, vun Uewermarteleng bis Sonlez/Doncols reecht a bei där bis elo keen ofschätze kann, wéi een Ëmweltrisiko en Endlager an der Regioun op d’Waasserqualitéit, Natur a Mënsch fir d’Lëtzebuerger huet. Dobäi kënnt, datt zu Lëtzebuerg 40 % vum Drénkwaasser aus dem Stauséi kommen, aus dem Stauséigebitt dat gréisstendeels un déi Belsch Grenz ugrenzt.

Weider Zone sinn zu Gaume a fänke 5 Kilometer vun eiser Landesgrenz ewech zu Aubange, sou wéi an der Géigend vu Stavelot, dat un d’Nordspëtzt vun eisem Land grenzt (15 Kilometer vun der Grenz). Fir eis steet et soumat ausser Fro, datt déi Lëtzebuergesch a belsch Regierung enk zesummeschaffen fir sécherzestellen, datt de Schutz vun Natur a Mënsch op béide Site vun der Grenz iewescht Prioritéit genéisst.

Wëll dëse Projet vun der belscher Regierung wäitreechend, grenziwwerschreidend Auswierkunge mat sech zitt, fuerdere mir eis Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung op, direkt mat der belscher Regierung Verhandlungen opzehuele, konform zu de Virgaben vun den europäeschen Texter.

Zesumme mussen eis Ëmweltministesch an hir belsch Amtskollegin d’Verantwortung wouerhuelen an de formale Kader festhalen, dee sécherstellt, datt d’Umierkunge, Suergen, Bedenken an Awänn vun der Lëtzebuerger Zivilgesellschaft Rechnung gedroe gëtt. Dobäi kënnt, datt de Consultatiounsprozess esou gestalt muss ginn, datt d’Bierger an engem realisteschen Zäitraum vun Ufank un iwwert déi weider Pläng informéiert ginn Grad an dësem Punkt muss och de Lëtzebuerger Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung eng Schlësselroll anhuelen.

Zudeem fuerdere mir, datt déi Lëtzebuergesch Grenzgemengen an enker Zesummenaarbecht mam Ëmweltministère direkt iwwert all nei Entwécklungen zum Standuert vum Endlager a Kenntnis gesat ginn. E Matabezéien vun de Gemengen an d’Ausschaffe vun enger gemeinsamer nationaler Positioun ass doriwwer hannenaus onëmgänglech. Hei musse Gemengen an de Ministère un engem Strang zéien.

Matgedeelt vun der LSAP

Opmaacherbild: © Dark Labs / Unsplash

Related topics Atommüll, Belsch Regierung, Carole Dieschbourg, Drénkwaasser, Endlager, Endlagerung, Lëtzebuergesch-belsch Grenz, LSAP, Marie Christine Marghem, Risiko
Next post Previous post