Search

You may also like

Dem Handwierk ginn d‘Aarbechter aus
Neiegkeeten

Dem Handwierk ginn d‘Aarbechter aus

An der Handwierkerkummer ass et eng Leier déi sech zanter

Vëlosverbindung Esch-Uelzecht – Belval: endlech?
Neiegkeeten

Vëlosverbindung Esch-Uelzecht – Belval: endlech?

Scho Jore virun der Erëffnung vun der Universitéit op Belval

Ukrainesche President wëll den „totale Krich“ mat Moskau
Neiegkeeten

Ukrainesche President wëll den „totale Krich“ mat Moskau

Den ukrainesche President, Petro Porochenko, huet d‘Méiglechkeet vun engem totale

LSAP: Méi Qualitéit a Sécherheet am ëffentlechen Transport

LSAP: Méi Qualitéit a Sécherheet am ëffentlechen Transport

Mobilitéit a Klimaschutz zielen zu de groussen Erausfuerderunge, vun deene mir haut méi wéi jeemools stinn. Den ëffentlechen Transport gratis unzebidden ass dofir eng gutt Saach, fir déi sech d’LSAP virun de Parlamentswahle staark gemaach huet. Elo geet et ëm déi gutt Ëmsetzung vun enger richteger Fuerderung, wuelwëssend datt den Däiwel, wéi sou oft, am Detail stécht.

Kloer ass, datt d’Offer vum ëffentlechen Transport just da méi genotzt gëtt, wann et engersäits virdeelhaft, zouverlässeg a sécher ass an den Notzer anerersäits den entspriechende Komfort bitt.

Mam Zoumaache vu Garen, Schalteren an dem domat verbonnenen Ofzéie vun CFL-Bedéngschteten duerch déi geplangt Restrukturéierung vum ëffentlech-rechtlechen Zuchbetrib, ass dës Zuel net ze erreechen. Esou Spuermoossname steigere weder d’Sécherheetsgefill vum Client, nach verbesseren si de Service.

Scho laang sinn net all Zuchquaien behënnertegerecht ageriicht; net all Client ass an der Lag déi modern Kommunikatiounsmëttel ze notzen, fir per Smartphone an Echtzäit op aktuell Infoen zum Zuchbetrib zeréckgräifen ze kënnen. Dobäi kënnt, datt d’Netz net ouni Lacunnen an den Empfang net an alle Fäll garantéiert ass. Dat gëllt virun allem fir ländlech Regioune, déi wat den Zougang zum ëffentlechen Transport ugeet souwisou benodeelegt sinn.

Fir d’LSAP Bezierk Norden ass dës Prozedur inakzeptabel. Am Sënn vun engem verbesserte Service fir de Client fuerdere mir ee behënnertegerechten, qualitéits- a sécherheetsbezunnenen Ausbau vum ëffentlechen Transport. Dozou gehéiert eng adequat Betreiung op der Plaz, un de Garen a Quaien.

Och d’Biergerinnen a Bierger an der Nordregioun hunn, genau wéi all anerer, een Usproch op Qualitéit a Sécherheet am ëffentlechen Transport. Zoue Schalter, ausgemustert Garen an net iwwerwaachte Quaie sinn aus eiser Siicht ee falsche Signal!

Matgedeelt vun der LSAP – Iwwersat aus dem Däitsche vum Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics CFL, Ëffentlechen Transport, Gare, Klimaschutz, LSAP, Mobilitéit, Norden, Quai, Zuch
Next post Previous post