Search

You may also like

D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!
Meenung Neiegkeeten

D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!

Fir de Mount vum Mee baut Netflix säi Film-Ugebuet mat

Déi Stater Braderie ass eng jonk Damm vu grad emol 90 Joer
Meenung Neiegkeeten

Déi Stater Braderie ass eng jonk Damm vu grad emol 90 Joer

Si huet hiren Ursprong am Joer 1929 an esou munch

Vereedegung vum Paul Solvi a Philippe Meyers
Meenung Neiegkeeten

Vereedegung vum Paul Solvi a Philippe Meyers

No der ministerieller Veruerdnung vum 21. Juli 2020 sinn de

Den Handel dierf net just fräi, mee muss och gerecht sinn

Den Handel dierf net just fräi, mee muss och gerecht sinn

Gëschter huet d’Lëtzebuerger Chamber d’Gesetz zur Ratifizéierung vum ëmfaassende Wirtschafts- an Handelsofkommes tëscht der EU a Kanada, besser bekannt als CETA, ugeholl.

Och a Krisenzäiten soll d’Parlament senger normaler legislativer Aarbecht nogoen. Dëser Debatt an Ofstëmmung geet ee jorelaange Prozess viraus, an deem all Acteuren hir Stëmm an d’Gestaltungsprozesser abrénge konnten, inklusiv de national Parlamenter an der Zivilgesellschaft. Dobäi kënnt, datt d’Adoptioun vum Gesetz, déi eigentlech fir den 18. mäerz geduecht war, wéinst dem Noutstand schonn emol verréckelt gouf.“ Esou huet den LSAP-Fraktiounspresident Georges Engel op d’Kritik vun der Oppositioun reagéiert, datt d’Ofstëmmung wéinst dem Noutstand verluecht misst ginn.

Den Accord, dee ganz kloer vum TTIP, dem mëttlerweil zu Recht zeréckgewisenen Handelsofkommes mat den USA, ënnerscheet muss ginn, gouf deelweis hefteg kritiséiert. „CETA ass sécherlech net perfekt“; sou den LSAP-Sekretär Yves Cruchten. „Trotzdeem ass d’Ofkommes mat Kanada, engem laangjäregen a gläichgesënnte Partner, deen eis Wäerter an eis sozialpolitesch Befindlechkeete wéi keen anert Land op der Welt deelt, ee Progrès an een éischte Schrëtt hin zu enger verbesserter EU-Handelspolitik.“

Ee Groussdeel vum Ofkommes gëtt scho säit zwee an engem hallwe Joer virleefeg ugewannt. D’Horrorzeenarien, déi an der Vergaangenheet eropbeschwuer goufen, hu sech net an d’Realitéit ëmgesat. „Europa gouf weder vu kanadesche Landwirtschaftsproduiten iwwerschwemmt, nach goufen ëffentlech Déngschtleeschtungen, wéi d’Waasserversuergung, privatiséiert. De Preventiounsprinzip vun der Europäescher Unioun, sou wéi d’Méiglechkeet vun den EU-Memberstaaten, a wichtege Beräicher wéi der Ëmwelt oder der Gesondheet nei gesetzlech Bestëmmungen unzehuelen, si garantéiert“, sou den Yves Cruchten. D’Ofkommes schaaft nei Geleeënheeten fir Lëtzebuerger Entreprisen a gëtt hinnen eng erhéicht Sécherheet an hiren Handelsaktivitéiten.

Zudeem ass CETA ee staarkt Bekenntnis zu engem reegelbaséierten Handelssystem a Multilateralismus. An Zäiten, an deene vill Staate sech a Protektionismus üben a gemeinsam Normen a Fro stellen, ass dëst Ofkommes ee wichtegt Zeechen“, sou nach de President vum aussepoliteschen Ausschoss.

Aus all dëse Grënn huet d’LSAP der Ratifizéierung vum Ofkommes zougestëmmt. „Dat heescht allerdéngs net, datt mir déi kritesch Stëmmen aus der Zivilgesellschaft net wouer huelen. Ganz am Géigendeel: Dës hunn am Gestaltungsprozess vun CETA eng wichteg Roll gespillt an dozou bäigedroen, d’Ofkommes an e puer Punkten, zum Beispill der neier Investitiounsgerichtbarkeet, ze verbesseren. Mir wäerten d’Suerge vun de Mënschen och weiderhin eescht huelen. Dofir ass et fir d’LSAP elementar wichteg, d’Ëmsetzung vum Ofkommes wierksam ze kontrolléieren a bei Bedarf nozebesseren“, sou de Mars di Bartolomeo.

Zum Ofschloss bekräftegt den LSAP-Deputéierten d’Noutwennegkeet fir ee gerechte Welthandel: „Eng ongehemmt Globaliséierung ass fir d’LSAP net eréischt zënter der Covid-19-Pandemie net zukunftsfäeg. Mir sti fir Oppenheet, international Zesummenaarbecht an demokratesch Reegelen a wäerten eis fir ee fairen an nohaltege Welthandel asetzen, dee sozial Normen respektéiert. Den Handel dierf net just fräi, mee muss och gerecht sinn.“

Matgedeelt vun der LSAP

Related topics CETA, Fräihandelsofkommes, Globaliséierung, Handel, LSAP, Mars di Bartolomeo, Yves Cruchten
Next post Previous post