Search

You may also like

“Within the Eye of the Storm”- een häerzzerräissende Film op der Theaterplaz
Neiegkeeten

“Within the Eye of the Storm”- een häerzzerräissende Film op der Theaterplaz

Hei geet et ëm d’Geschicht vun zwee Pappen: De palestinensesche

Héichwaasserwarnung !
Neiegkeeten

Héichwaasserwarnung !

De staatleche Wiederdéngscht MeteoLux warnt viru méiglechen Iwwerschwemmungen. Schold huet

Beschimmend Erugoensweis vun héije Patronatsvertrieder
Neiegkeeten

Beschimmend Erugoensweis vun héije Patronatsvertrieder

D‘Covid19-Pandemie ass nach laang net iwwerstanen. D‘Verwaltungen an d‘Bierger mussen

LSAP-Presidence: Francine Closener zitt Kandidatur zréck

LSAP-Presidence: Francine Closener zitt Kandidatur zréck

Déi sozialistesch Deputéiert a fréier Staatssekretärin huet gëschter hir Kandidatur zur Presidence vun der LSAP zréckgezunn, esou e Post um Facebook-Account vun der Politikerin. Si hat sech nach viru kuerzem bereet erkläert d‘Mandat vum Franz Fayot – deen d‘Successioun vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider ugetrueden huet – ze iwwerhuelen.

KandidaturVia Facebook huet d‘Francine Closener da bekannt ginn, datt si aus familiäre Grënn – hire Mann ass erkrankt – op hir Kandidatur verzichte misst. „Meng Famill ass meng éischt Prioritéit“, esou d‘Politikerin, déi sech d‘Entscheedung bestëmmt net einfach gemaach huet. Mee den Zäitopwand, dee mam Mandat als Parteipresidentin anhier geet, wier net mat de Flichte fir d‘Famill vereenbar.

Un hirer Stell hätt den Yves Cruchten, aktuelle Generalsekretär vun der sozialistescher Partei, seng Kandidatur ënnerbreet. Eng Decisioun déi vum Francine Closener ganz oppe begréisst gëtt. „Ech sinn iwwerzeegt, datt hien déi voll Ënnerstëtzung vun den Delegéierte beim Kongress vum 8. Mäerz wäert erhalen“, esou déi engagéiert Politikerin.

Foto: © LSAP

Related topics Francine Closener, LSAP, Presidence, Yves Cruchten
Next post Previous post