Search

You may also like

natur&ëmwelt – Analys vum Koalitiounsofkommes
Neiegkeeten Sport

natur&ëmwelt – Analys vum Koalitiounsofkommes

Déi dräi Regierungsparteien DP, LSAP an déi gréng hunn den

Endlech eng Eenegung bei Guardian
Neiegkeeten Sport

Endlech eng Eenegung bei Guardian

Kuerz virum Enn vum Schlichtungsprozess kënnt déi erléisend Nouvelle. Wéi

Doud vum Pol Cruchten – D’Filmwelt an Trauer
Neiegkeeten Sport

Doud vum Pol Cruchten – D’Filmwelt an Trauer

Um Mëttwoch Mëtteg huet de Grand-Duché déi traureg Nouvelle kritt,

LTAD – Lëtzebuerg lieft Sport

LTAD – Lëtzebuerg lieft Sport

Mat der neier Applikatioun “LTAD – Lëtzebuerg lieft Sport” soll een nationale Reseau entstoen, bei där Sportler a sportsbegeeschtert Mënschen hir Kenntnisser an Ambitiounen austausche kënnen. Dës weideren gi sportlech Federatiounen beim Ausbau vu Konzepter ënnerstëtzt. Haaptzil ass et, doduerch d’Qualitéit am sportleche Beräich ze steigeren.

LTAD ass ee kanadescht Konzept a steet fir „ Long-Term Athlete Development“. Dobäi ginn déi verschidde Phasen vum aktive Liewen illustréiert an de Fokus op d’Entwécklung vun Athleten an aktive Persoune geluecht.

An der Lëtzebuerger Applikatioun, déi elo gratis fir iOS an Android erhältlech ass, ginn verschidde Facteuren identifizéiert, wouduerch ee Fundament vun der sportlecher Performance entsteet, gläichzäiteg d’Potential vum Sportler kann augedréckt ginn. Ënnert déi 22 Facteure falen ënnert anerem kierperlech Viraussetzungen, den Alter oder och den individuellen Entwécklungsstatus.

LTADE puer Andréck vun der Applikatioun © MSP

Wärend e Profil vun der aktiver Persoun entsteet, kënnen Trainer, Educateuren, Enseignanten, Federatiounen, Sportsclibb an aner Strukturen vum didaktesche Material profitéieren. Souwuel vun der Struktur, wéi och vum Inhalt hir wäert d’Applikatioun reegelméisseg ugepasst ginn.

Déi digital Plattform ass duerch d’Kollaboratioun vum Sportsministère, der nationaler Schoul fir physesch Educatioun a Sport (ENEPS), dem olympeschen a sportleche Comité zu Lëtzebuerg (COSL), dem Sportslycée an dem Lëtzebuerger Institut fir grouss sportlech Performancen (LIHPS) entstanen.

An dësem Kader ass e Video entstanen, deen déi verschidde Facette vum Sport zu Lëtzebuerg opweist. D’Wierk kënnt Dir Iech HEI ukucken.

Opmaacherbild: © Vince Fleming / Unsplash

Related topics Applikatioun, COSL, didaktescht Material, ENEPS, LIHPS, LTAD - Lëtzebuerg lieft Sport, Reseau, Sportsministère
Next post Previous post