12 Méint an 12 Geschichten: Familljeliewen an Autismus (Deel 1)

Laurent, eng erwuesse Persoun aus dem autistesche Spektrum: „Mir hunn als Famill relativ schnell misste léieren, zesummenzehalen, an ze verstoen, wat et heescht, Kompromësser anzegoen.“

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heivir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

Am leschten Deel vun eiser Serie „12 Méint – 12 Geschichten“ riichte mir eis Opmierksamkeet op d’Familljeliewen am Zesummenhang mam Autismus. Chrëschtdag steet virun der Dier a soumat och d’Zäit vun der Famill. D’Famill besteet aus deenen éischte Persounen déi an eist d’Liewen trieden, a mat grousser Sécherheet sinn et och déi, déi bis zum Liewensenn bleiwe wäerten. D’Familljeliewen huet also eng fest Plaz am Liewe vun all Mënsch, an huet soumat och eng Plaz an dësem Projet verdéngt.

Wéi eng Erausfuerderunge bréngt den Autismus net nëmme fir déi betraffe Persoun, mä och fir hir Famill mat sech? Wéi kann ee sech genuch Zäit fir déi spezifesch Bedierfnisser vun engem autistesche Kand huelen, ouni d’Geschwëster vun dësen ze vernoléissegen? A wat si positiv Elementer, déi den Autismus fir d’Familljeliewe mat sech brénge kann? Mir hunn eis mat 2 erwuessene Persounen aus dem Autismus-Spektrum, souwéi mat enger ganzer Famill iwwert hir Familljeliewen ausgetosch.

Zudeem hu mir fir eise Projet ofzeschléissen, en Interview mat eiser Directrice, dem Nathalie Lehoucq, gemaach. Si huet eis en Abléck an déi familiär Approche vun der FAL ginn a betount, wisou hir perséinlech dës Approche um Häerze läit.

„Mir ass et ganz wichteg Chrëschtdag mat menger Famill ze verbréngen..“

De Laurent wunnt momentan nach bei sengen Elteren a sengem Brudder, plangt awer, fir geschwënn eemol fir sech eleng wunnen ze goen. Fir hien ass et ganz wichteg, datt keen Ënnerscheed tëschent autisteschen an net-autistesche Geschwëster gemaach gëtt.

FAL: Wéi eng Plaz huet d‘Famill an dengem Liewen?

Laurent: Et ass mir ganz wichteg vill Zäit mat mat menger Famill ze verbréngen, well d’Famill fir mech wierklech e ganz grousse Stellewäert huet. Mir maache reegelméisseg Familljen-Ausflich a gi beispillsweis an de Kino, Restaurant oder an e Musée. Och meng Bom gesinn ech reegelméisseg, déi mech trotz mengem Autismus ëmmer wéi een normalen Enkel behandelt huet. Et bedeit mir wierklech immens vill, datt meng ganz Famill ni en Ënnerscheed tëschent mir a mengem Brudder gemaach huet, a mech ëmmer sou akzeptéiert, wéi ech sinn! Mäi grousse Wonsch ass et, selwer eemol meng eege Famill ze grënnen, eng Fra a Kanner ze hunn.

FAL: Wéi eng positiv an awer och negativ Auswierkungen hat däin Autismus denger Meenung no schonn op däi Familljeliewen?

Laurent: A menger Kandheet huet mir meng Mamm emol gesot gehat, datt mäi grousse Brudder d’Gefill hat, eis Elteren hätte mech méi gär wéi hien, wat awer natierlech ni de Fall war. Si hu just ëfters misste méi Zäit fir mech an Usproch huelen, an hate soumat leider manner Zäit fir hien. Wou ech dat matkrut, hunn ech mech extreem schëlleg gefillt, mä meng Elteren hu mir direkt gesot, datt dat net meng Schold war. Mengem Brudder hu si verständlech erkläert, wisou ech heiansdo méi Opmierksamkeet brauch an datt ech dat ni mat Absicht gemaach hunn. Ech ka mech awer jiddwerfalls nach drun erënneren, datt déi Situatioun fir kee vun der Famill ganz einfach war.

Ech mengen awer, datt genau déi Situatioun och eng positiv Auswierkung mat sech bruecht huet: mir hunn als Famill relativ schnell misste léieren, zesummenzehalen, an ze verstoen, wat et heescht, Kompromësser anzegoen. Ech mengen och de Fait, datt meng Famill huet misste léieren, mat mengem Autismus eens ze ginn, huet si méi oppe géigeniwwer anere Leit gemaach. Si jugéieren aner Leit net méi sou schnell a maache sech fir d’éischt eemol e komplett Bild vun de Leit.

FAL: Wéi kann een et trotzdeem packen, datt sech Geschwëster vun autistesche Kanner net vernoléissegt fillen?

Laurent: A mengen Aen ass et dat Wichtegst, datt d’Eltere souwuel fir dat eent Kand wéi och fir dat anert Kand do sinn. Eng gutt Iddi wär et och, datt ee beispillsweis deen een Dag eppes mat deem engem Kand an dofir een aneren Dag eppes mat deem anere Kand ënnerhuele géif. Et ass also wichteg, sech seng Zäit richteg anzedeelen, sou datt d’Kanner mierken, datt sech bewosst Zäit fir si geholl gëtt.

Ech fannen awer datt meng Elteren dat ganz gutt gemaach hunn. Si haten et och net ëmmer einfach, mee hunn et gutt geléist kritt. Ech si ganz houfreg drop sou gutt Elteren ze hunn, an ouni si wier ech haut net do, wou ech lo sinn.

FAL: Chrëschtdag steet virun der Dier. Wat bedeit et dir, Chrëschtdag zesumme mat denger Famill ze verbréngen?

Laurent: Mir ass et ganz wichteg Chrëschtdag mat menger Famill ze verbréngen. Fir mech soll ee sech fir Chrëschtdag bewosst Zäit huelen, fir dankbar ze sinn, datt een déi grouss Chance huet, eng Famill ze hunn. Ech fannen et och traureg, datt Chrëschtdag sou materialistesch ginn ass a fannen datt déi Iddi sollt bäibehale ginn, datt et ee Familljefest ass wou een dovu profitéiert, schéi Momenter mat der Famill ze verbréngen.


Appell un d’Familljen: All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Probleemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.
Tel.: 26 91 11 1
Email: autisme@fal.lu

Dernières nouvelles