12 Méint an 12 Geschichten: Familljeliewen an Autismus (Deel 2)

„En Autist an der Famill ze hunn hëlleft einfach, fir méi oppen ze ginn an nei Siichtweisen ze entwéckelen.“

D’Famill Hoffmann, den Numm gouf geännert, besteet aus enger Mamm, engem Papp, an zwee Bouwen, vun deenen een autistesch ass. Si hunn eis bei sech doheem agelueden an eis e vollstännegt Bild vun hirem Familljeliewe ginn. An dësem Fall goufen all Virnimm geännert. Zur Opklärung: D’Rita ass d’Mamm, de Jeff de Papp, den Tobias den autistesche Bouf an de Jasper de grousse Brudder.

FAL: Wéi sidd dir dorop komm, datt den Tobias kéint autistesch sinn?

Rita: Ech denken, datt eis scho relativ fréi opgefall ass, datt hie sech iergendwéi „anescht“ wéi säi Brudder entwéckelt huet. Fir eis huet dat awer ni eng gréisser Roll gespillt a mir hunn hien sou akzeptéiert, wéi en ass. Wou hien dunn an d‘Pubertéit koum gouf et awer keen Zweiwel méi, datt eppes misst sinn, an do krut hien am Alter vu 14 Joer seng Diagnos Autismus-Spektrum-Stéierung.

Jeff: Mir ass opgefall, datt hien ëmmer eng Aart a Weis ze schwätzen hat, déi ech bei sengem Brudder ni gesinn hunn. Et war einfach ongewéinlech – onhéiflech kéint ee soen. Wann hie beispillsweis vun enger anerer Persoun ugeschwat gouf, an hien dee Moment awer net wierklech Loscht op ee Gespréich hat, huet hien einfach gesot „ech wëll net schwätzen“. Och wann hien déi Saachen ni béis mengt, hie seet einfach riicht eraus dat, wat en grad fillt.

FAL: A wéi enger Hisiicht mengt Dir, ënnerscheet sech Är Familljeliewe vun deem vun anere Familljen?

Rita: U sech huet sech un eisem Familljeliewen duerch den Autismus net vill geännert. Et gëtt allerdéngs eng Saach, déi mir beim Tobias anescht maache wéi bei sengem Brudder: mir bereeden hien am Virfeld op alles sou gutt wéi méiglech vir. Verännerunge si ganz schwiereg fir hien, an och wa mir eppes ganz Schéines plangen, wéi beispillsweis eng Vakanz, verlaangt hie vun eis, datt mir hie ganz genau dorop virbereeden.

Tobias: Ech maachen eeben meng eege Pläng, a wann aner Leit do eppes matbestëmme wëllen, wëll ech dat eng Woch am Viraus wëssen, sou datt meng Pläng net ze vill duerchernee geroden.

FAL: Hutt Dir heiansdo Angscht, Ären eelere Bouf ze vernoléissegen?

Rita: Jo, dat ass definitiv de Fall, och wann ech mir wënschen, et wier net esou. Eleng schonn all Owend beim Iessen oder och moies beim Kaffi… Den Tobias brauch dat, datt mir mat him ganz vill iwwert déi Theeme schwätzen, déi hie grad beweegen. Mä do bleift den Jasper definitiv op der Streck. Hien huet mat senge 17 Joer och sécher Saachen, déi hie beschäftegen, mä hie kënnt do guer net richteg zu Wuert…

Jasper: Et stëmmt schonn datt dat heiansdo bëssi frustréierend ka sinn, mee ech kennen et jo net anescht. Sou laang net ausschliisslech nëmmen iwwert dem Tobias seng Saache geschwat gëtt ass dat ok fir mech – an ech fannen dir reegelt dat trotzdeem scho ganz gutt a versicht och ëmmer, mir déi néideg Opmierksamkeet ze ginn. De Virdeel ass och vläicht datt ech perséinlech net sou vill Opmierksamkeet brauch, mee et gi sécher aner Geschwëster, déi do méi Ënnerstëtzung bräichten…

FAL: Wéi eng positiv Aspekter bréngt den Autismus fir Äert Familljeliewe mat sech?

Jasper: Dat wat definitiv hëllefräich ass, doduerch datt ech dem Tobias säin Autismus ëmmer besser verstinn, verstinn ech mëttlerweil och aner Mënschen, déi aner Verhalensweisen hunn, besser. En Autist an der Famill ze hunn hëlleft einfach, fir méi oppen ze ginn an nei Siichtweisen ze entwéckelen.

Rita: Genau. Zudeem huet den Tobias eng ganz rational a logesch Denkweis, an dat kann a verschiddene Situatioune ganz erfrëschend sinn. Als Beispill, wou mäi Papp gestuerwe war, huet mech Jidderee sou virsiichteg behandelt, mee hien hat eng ganz aner Opfaassung dovunner, an dat huet mir an der fir mech héich emotionaler Situatioun en Halt ginn.

FAL: Wéi wichteg ass et Iech, Chrëschtdag zesumme mat der Famill ze feieren?

Tobias: Ganz wichteg. Allerdéngs hunn ech dat Gefill, datt mir scho laang kee richtege Chrëschtdag méi haten – déi Magie vu fréier, ass haut iergendwéi net méi do…

Jeff: Dat war ze erwaarden. Den Tobias hänkt ganz vill u sengen Traditiounen a Ritualer, a sou bal sech eppes och nëmmen e bëssi ännert, trauert hien der Vergaangenheet no. An et ass jo normal datt hien als Kand Chrëschtdag mat engem anere Gefill gelieft huet wéi en et haut erlieft, schliisslech huet hien deemools nach Geschenker krut an un de Kleesche geduecht…

Jasper: Hien kuckt sech wierklech ëmmer nëmmen déi beschte Momenter aus der Vergaangenheet un, a wann eng Saach net genau sou bleift wéi se war, ass dat direkt ee Probleem fir hien. An dat kann och fir de Rescht vun der Famill ganz depriméierend sinn, datt hien ëmmer just dorunner denkt, wéi vill besser d’Vergaangenheet dach war…


Appell un d’Familljen: All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Probleemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.
Tel.: 26 91 11 1
Email: autisme@fal.lu

Dernières nouvelles