12 Méint an 12 Geschichten: Medien an Autismus (Deel 2)

„Fir gutt an de soziale Medien eriwwer ze kommen, gëtt viru Verzerrunge vun der Realitéit keen Halt gemaach...”

D’Fabienne kéint sech ee Liewen ouni d’Medien net méi virstellen a konsuméiert dagdeeglech ënnerschiddlech Medien. Mee och op hat hunn d’Medie leider net ëmmer nëmmen e positiven Afloss…

FAL: Verbréngs du vill Zäit op de Medien?

Fabienne: Also u sech sinn d’Medie meng ganz Welt – ech sinn domat opgewuess a konsuméieren dagdeeglech wierklech vill Medien. Ech sinn immens passionéiert vu Filmer, Serien an och Spiller. Ech géif och wierklech soen datt alles wat meng Spiller a Serien ugeet eng Aart „Spezialinteressi“ fir mech sinn, wouvun ee jo am Autismus ëfters héiert.

Déi sozial Medien dogéint notzen ech gréisstendeels fir Saachen ze deelen déi ech gären hunn. Deelweis ass et och vläicht bëssi fir aus der „realer Welt“ ze flüchten, wou et mat de soziale Kontakter net ëmmer sou gutt geet, mee ech muss awer dobäi fügen datt ech ëmmer rëm mierken datt ech och hei u meng Limitte kommen..

FAL: Wéi genau hues du dat lo gemengt?

Fabienne: Also mir fält ëmmer rëm op, datt ech am Internet ongeféier deene selwechte Probleemer begéine wéi och am „reale Liewen“. Wou ech beispillsweis bei engem direkte Gespréich net ëmmer spontan weess, wat ech am beschten äntwere soll, sinn ech mir online ni sécher, wat ech poste soll a wat net.

Ech hat beispillsweis schonn op fréieren Aarbechtsplazen der Firma hir Social-Media Accounte gemanaged, a wou da beispillsweis Kommentaren ënnert menge Beiträg komm sinn, hunn ech mech ëmmer dobäi ertappt datt ech Schwieregkeeten hat. Ech wosst dann net wat ech am beschten äntwere sollt, an hunn ëmmer rëm iwwerpréift op et och richteg geschriwwen ass.

FAL: Du bass duerch Tiktok dorop opmierksam ginn, datt du kéints am autistesche Spektrum sinn. Kanns du eis heiriwwer méi erzielen?

Fabienne: Ech verfollege verschidden Tiktoker, déi selwer Fraen am autistesche Spektrum sinn. Wéi si dann ëmmer vun hire verschiddene Schwieregkeeten a Verhalensweisen erzielt hunn, an ech mech selwer oft an deene rëmfonnt hunn, hunn ech mir bemol d’Fro gestallt, ob ech vläicht selwer kéint autistesch sinn.

Ech fannen et och jiddwerfalls eng wichteg a gutt Méiglechkeet, wa Persounen déi selwer am Spektrum sinn, d’Medien notzen, fir ëffentlech iwwert hir Schwieregkeeten ze schwätzen. Nëmme sou kann een deem oft falschen oder extreeme Bild, wat an de Filmer a Serië vum Autismus duergestallt gëtt, entgéingt wierken.

FAL: Wéi ee Stressfaktor kënnen d’Medien denger Meenung no fir autistesch Persoune mat sech bréngen?

Fabienne: Et ass jo kee Geheimnis, datt villes vun deem wat d’Leit sou op hire sozialen Accounten deelen, net der Realitéit entsprécht. Jidderee wëll sech op de soziale Medie sou positiv wéi nëmme méiglech weisen, an do gëtt dann och net viru puer klenge „Verzerrunge“ vun der Realitéit Halt gemaach. Leider vergësst een dat awer och heiansdo, a wann een dann ëmmer rëm gesäit, wéi „perfekt“ aner Leit hir Liewen dach duerstellen, kann et geschéien, datt ee sech ze vill dovu beaflosse léisst a sech selwer domat stresst, och sou ee Liewe wëllen ze hunn.

Wat mech perséinlech an der Hisiicht am meeschte stresst, ass wann ech mäi Liewe mat deem vergläichen, wat al Schoulkomerode vun hirem Liewen op de Medien weisen. Wann ech da gesi wat déi schonn alles erreecht hunn, wouvun ech awer nach weit dervu fort sinn, a si beispillsweis eng fest Aarbecht, Kanner oder en Haus hunn, kann dat fir mech schonn en immense Stressfaktor bedeiten. Als autistesch Persoun huet een eben a gewëssene Beräicher méi Schwieregkeeten, et fënnt ee beispillsweis net sou schnell eng passend Aarbechtsplaz oder e feste Partner, an ech menge schonn datt dat da fir betraffe Persoune méi schwéier ze geréiere ka sinn.


Appell un d’Familljen: All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Probleemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.
Tel.: 26 91 11 1
Email: autisme@fal.lu

Dernières nouvelles