12 Méint an 12 Geschichten: Familljeliewen an Autismus (Deel 3)

„Ëmgedréint kann et awer och genausou schwéier fir eng autistesch Persoun sinn, mat enger neurotypescher Persoun zesummen ze wunnen.“

Den David, deen zu all Theeme vun eisen „12 Méint – 12 Geschichten“ seng Erfarunge matgedeelt huet, deelt mat senger Mamm e Stot. Fir hien ass et wichteg, datt jiddereen seng Efforte mécht, fir en harmonescht Zesummeliewen oprecht ze erhalen.

FAL: David, wat huet sech an dengem Familljeliewe geännert, säitdeem du weess, datt du autistesch bass?

David: Ech géif definitiv soen, datt eis Familljeliewe säit menger Diagnos vill méi roueg ginn ass an datt et ob engem besseren, géigesäitege Verständnis berout. Meng Mamm konnt sech vill iwwert den Autismus informéieren, a versteet lo verschidde Verhalensweise vu mir besser an och wisou ech a gewëssene Beräicher méi Schwieregkeeten hunn. Mä och ech selwer hu mech duerch meng Diagnos vill besser kennegeléiert, versti besser wéi ech funktionéieren a konnt u menge Schwieregkeete schaffen.

FAL: Wéi eng Erausfuerderunge ginn et fir en harmonescht Zesummeliewen tëschent autisteschen an net-autistesche Persounen?

David: Ech géif soen, de gréissten Challenge fir béid Säiten ass et, sech an déi aner Persoun eranzeversetzen. Fir eng neurotypesch Persoun, also eng Persoun ouni Autismus, ass et heiansdo ganz schwéier der autistescher Persoun hir Denkweisen ze verstoen, a ka vläicht och a bestëmmte Situatiounen hir Reaktiounen net novollzéien.

Woubäi déi neurotypesch Persoun beispillsweis grad iwwerhaapt net versteet, wisou déi autistesch Persoun ouni offensichtleche Grond ufänkt mat kräischen, krut dës vläicht grad einfach eng Reiziwwerflutung opgrond vun enger ze greller Luucht oder engem ze haarde Geräisch.

Dobäi kommen dann och nach déi bëssi méi hefteg Symptomer, déi den Autismus mat sech brénge kann. Dozou gehéiere beispillsweis „Meltdowns“ also Ausbréch vu Roserei, déi duerch eng virdru genannte Reiziwwerfluttung entstoe kënnen. An dëst kann definitiv net nëmme fir déi betraffe Persoun selwer, mä och fir de Recht vun der Famill zu engem richtegen Challenge ginn.

Ëmgedréint kann et awer och genausou schwéier fir eng autistesch Persoun sinn, mat enger neurotypescher Persoun zesummen ze wunnen: Persounen ouni Autismus mierken heiansdo iwwerhaapt net, datt verschidde Saache fir eng autistesch Persoun kënne méi schwéier ze geréiere sinn, a passen da beispillsweis op Klengegkeeten net op, wéi datt si ze vill an ze grell Luuchten u maachen oder de Fernsee ze haart maachen…

FAL: Wéi eng Tipps hues du dann, fir dësen Challenge besser ze packen?

David: Op der enger Säit ass et a mengen Aen noutwendeg, datt déi neurotypesch Persoun versteet, datt autistesch Persounen heiansdo méi Adaptatioun brauchen an datt verschidde Situatioune fir si méi schwéier ze geréiere sinn. Op der anerer Säit sinn ech awer och dovun iwwerzeegt, datt déi autistesch Persoun och soll Efforte maachen, fir dat d’Zesummeliewe funktionéiert. Wa si ëmmer just d’Gefill kritt, datt sech déi aner Leit u si upasse mussen, schued dat och hirem Selbstwäertgefill.

Letztendlech mengen ech, datt et normal ass, datt heiansdo Konfliktsituatiounen op een duer kommen. Ech si mir awer sécher, datt et kee Grond gëtt, wisou et méi schlecht funktionéiere sollt wéi tëschent 2 neurotypesche Persounen, soulaang eng gutt Kommunikatioun souwéi e géigesäitegt Versteesdemech firenee bestinn.

FAL: Wat kënnen an dengen Ae positiv Saache sinn, déi den Autismus fir däi Familljeliewe mat sech bréngt?

David: Ech mengen eleng schonn de Fait, datt eng autistesch Persoun eng ganz aner Aart a Weis huet, fir d’Welt wouerzehuelen, eng ganz aner Aart ze denken, kann net nëmmen zu sou munch interessant Gespréichstheeme féieren, mä och fir den Haushalt ganz interessant sinn: doduerch datt eng autistesch Persoun verschidde Saachen anescht gesäit, ka si och op nei Iddie fir d‘Zesummenliewen a fir déi verschidden Haushalt-Tâchë kommen. Ech hu meng Mamm beispillsweis dozou bruecht, datt mir lo méi ökologesch liewen an op verschidde Saache besser oppassen.


Appell un d’Familljen: All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Probleemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.
Tel.: 26 91 11 1
Email: autisme@fal.lu

Dernières nouvelles