1984 vum George Orwell

Den 13. Juni 1949 gëtt dem George Orwell säi Roman an den USA als Buch vum Joer ausgezeechent. Den Auteur huet een Zenario vun der totalitärer Welt beschriwwen.

Et ass villäicht e bëssen onreal, mee datt d’Buch d’Zukunft erëmspigelt, erkennt ee leider ganz gutt. Dës Dystopie, déi schonn 70 Joer um Bockel huet huet och no senger éischter Verëffentlechung u Brisanz näischt verluer.

Seng alpdramhaft Visioun vun engem totalitären Iwwerwaachungsstaat, an där d’Mënschheet ënner stänneger Iwwerwaachung stoen, ass schrecklech. An hautdesdaags sou relevant ewéi nach ni.

De Protagonist lieft dofir zimmlech geféierlech, hien hannerfreet sou munches. D’Geschicht ass ergräifend, ob ee wëll oder net. Et denkt een no – an dat net nëmmen e bëssen. Dës weidere befaasst sech dem Orwell seng Geschicht mat der Fräiheet an der mënschlecher Natur.

Den Auteur war iwwregens och Buchkritiker an huet sech ausféierlech mam Aldous Huxley ausgetosch. Ma leider hu mir aus dem Wierk 1984 net dat Richtegt matgeholl – soss géing villes aneschter lafen. Et misst een et mol nach eemol liesen.

Dernières nouvelles