3G op der Aarbecht: De Salarié dierf just ee Mol den Dag kontrolléiert ginn

Zanter dem 15. Januar 2022 gëllt d’3G-Reegelung op der Aarbecht. Salariéeën, déi sech (nach) net géint Covid-19 geimpft hunn, mussen dobäi all Dag en negativen zertifiéierte Test virweisen. Heizou preziséiert den Aarbechtsministère elo, datt de Salarié déi benéidegt Dokumenter nëmme bei der Arrivée op der Aarbechtsplaz presentéiere muss an domat just ee Mol den Dag kontrolléiert dierf ginn.

Dernières nouvelles