Accident an der Stad

Gëschter géint 17 Auer ass et op der Areler Strooss zu Capellen, op der Héicht vum Schoulcampus zu engem Verkéiersaccident komm.

Dobäi war ee Kand involvéiert. Aus engem (bis elo) ongekläerte Grond, gouf d’Kand vun engem Gefier ugestouss a blesséiert. Dëst war a Richtung Mamer ënnerwee.

D’Kand ass an d’Kannerklinik bruecht ginn. De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf vum Parquet beoptraagt, den Accident ze ënnersichen. Wärend dem Asaz war d’Areler Strooss tëscht der Charles Risch an der Garer Strooss fir de Verkéier gespaart.

Dernières nouvelles