Meteolux: Hëtzewarnung fir e Mëttwoch

Fir muer rechent Meteolux mat Héchsttemperaturen tëscht 31 a 34° Celsius. Aus dësem Grond gouf eng Alerte Jaune fir dat ganzt Land erausginn.

En Donneschdeg gi souguer bis zu 36° Celsius erwaart, mat Donnerwieder a Reen um Owend. Passt also op Iech op, drénkt genuch Waasser an ënnerhuelt keng ze ustrengend Aktivitéiten dobaussen.

Dernières nouvelles