Alles Guddes, Bruce Willis!

Um haitege Samschdeg feiert de berüümte Schauspiller mat Glatz a Charme Gebuertsdag. Et ass bal net ze gleewen, mee hien kritt 67 Joer.

Fir d’éischt sinn d’Kritiker duerch de Film « Das fünfte Element » op de Schauspiller opmierksam ginn, ma dat war eréischt den Ufank vun enger laanger erfollegräicher Karriär.

Esou richteg bekannt gouf de Bruce Willis mam Filmklassiker « Stirb langsam », dëse leeft ëmmer zur Chrëschtdagszäit.

Ee sympathesche Polizist ass zur falscher Zäit op der falscher Plaz – an elo muss hien een Auswee fannen a Mënsche retten, Bommen entschäerfen a géint Gangster kämpfen. Hien ass ee vun de gréissten Actionstare vun eiser Zäit an nawell ee richtege Publikumsmagnéit.

Eigentlech war d’Schauspillerei nëmmen als Therapie géint säin Tuddele geduecht, ma de Bruce huet Gefalen un den ënnerschiddleche Rollespiller fonnt.

Allerdéngs ass de Bruce net nëmmen een Mann fir d’Action. Mam Film « The Sixth Sense » huet hien bewisen, datt mysteriéis Dramaen och bei hie passen. Dat selwecht gëllt fir « Unbreakable » mam Samuel L. Jackson.

De charmante Schauspiller ass zu Däitschland gebuer – et kann een also soen, datt hien den amerikaneschen Dram lieft. Op jiddwer Fall waart eng ganz Fangemeinschaft op säin neiste Film.

Hoffentlech denkt hie soubal net, dorunner an d’Rent ze goen. Bei sengem Talent wär dat wierklech schued. Am Joer 2006 ass hie mat engem Stär um « Walk of Fame » ausgezeechent ginn. Iwwregens war de Bruce Willis och Model fir Jeans, hien ass Dréibuchauteur, Museker a Produzent am Theater. Ee Mann mat villen Talenter.

Dernières nouvelles