Am Trend: Petitioune wou sech mat Covid19 beschäftegen

Wärend et weiderhi vill Petitiounen huet déi agereecht ginn, esou zeechent sech aktuell en Trend of deen erstaunlecherweis och emol der politesch-medialer Aktualitéit gerecht gëtt. De Referendum fir d‘Verfassung huet vill Zousproch, an esou munch Covid19-Petitioun luet och zum Debat an…

Interessant hei d‘Entwécklung vun der Petitioun 2044 vum Catalania Gina Anton, wou en Zougang zu allen ëffentlechen Institutioune gefuerdert gëtt, an zwar ouni datt een dofir muss de sanitäre Pass (CovidCheck) virweisen. Si war den 22. Oktober fir d‘Ënnerschrëften opgemaach ginn a kann nach bis den 2. Dezember gezeechent ginn. Op haut de Moie 07.30 Auer huet si der scho 4.663 gehat.

Zanter dem 1. November, esou wëll et dat neit Covid19-Gesetz, ass et de Patronen an den Direkter vun ëffentleche Verwaltungen erlaabt, den Zougang zur Aarbechtsplaz mam CovidCheck ze reegele wat villeruerts applizéiert gëtt, a vun de Gewerkschafte kritesch begleet gëtt. Et huet jo och schonn an dësem Kontext, eng Entloossung ginn. Et dierft wuel nach zu weidere Streidegkeete kommen.

Et zitt nees un

Datt d‘Politiker an d‘Gesondheetsacteuren elo eppes opgereegt sinn, huet allerdéngs och gudde Grond: d‘Infektiounszuele bannent der Unioun huelen nees zolidd zou. Lëtzebuerg mécht do keng Ausnam. En Donneschdeg goufe beispillsweis 432 positiv Fäll bei 4.569 geteste Persoune gezielt, och ee weidert Affer ass ze bekloen. Dat entsprécht ongeféier dem Niveau vun Dezember 2020.

Et sollt een folgerichteg schonn eppes Versteesdemech fir d‘Opreegung hunn, an egal aus wéi enger Perspektiv een et gesäit, d‘Fakte leeën duer, datt eng Impfung – och wann se wäert misse widderholl ginn – nach ëmmer dee beschte Schutz bitt. Doriwwer eraus géif eppes méi Bereetschaft zur Impfung och derzou bäidroen, datt d‘Spideeler keng weider Operatioune mussen ofsoen.

Aus dësem Grond ass ee gutt beroden sech nees méi strikt un d‘Gest Barrière ze halen, egal wéi een Imfpfstatut een huet, well jo bekannt ass, datt d‘Impfung net d‘Infektioun, mee ee schwéiere Verlaf vun der Krankheet verhënnert. Wie den Houscht oder de Schnapp huet, sollt schonn aus Respekt eng Mask oder ee Buff droen. An da kann ee sech jo och géint d‘Wantergripp impfe loossen.

Illustratioun: © Roman Garchev / unsplash

Dernières nouvelles