E puer Andréck zur offizieller Amtsiwwernam vu gëschter

Nodeem de Romain Schneider, Dan Kersch a schliisslech och de Pierre Gramegna ugekënnegt hunn, hir Ämter als Ministeren néierzeleeën, huet gëschter déi grouss Vereedegungszeremonie vun Haagen, Engel a Backes am groussherzogleche Palais stattfonnt. Uschléissend huet ee Minister dem Aneren symbolesch d’Amt an d’Hänn geluecht.

Esou huet de Romain Schneider seng Aufgaben dem Claude Haagen iwwerginn. Hie wäert elo als Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, sou wéi als Minister fir sozial Sécherheet agéieren.

Amtsiwwernam
uewen: De Romain Schneider iwwerdréit dem Claude Haagen d’Funktioun als Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung © SIP / Julien Warnand – drënner: Bei der Amtsiwwernam als Minister fir sozial Sécherheet (v.l.n.r.) Romain Schneider, fréiere Minister fir sozial Sécherheet; Paulette Lenert, Vize-Premierministesch, delegéiert Ministesch fir sozial Sécherheet; Claude Haagen, neie Minister fir sozial Sécherheet © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

De Pierre Gramegna gëtt ofgeléist vum Yuriko Backes, dat elo d’Roll vum Finanzminister iwwerhëlt.

Amtsiwwernam
De Pierre Gramegna iwwerreecht dem Yuriko Backes d’Amt als Finanzministesch © SIP / Emmanuel Claude

Den Dan Kersch huet seng Funktioun als Sportsminister un de Georges Engel iwwerginn. Uschléissend goufen och d’Kompetenzen a senger Funktioun als Minister fir Aarbecht, Beschäftegung sou wéi sozial a solidaresch Wirtschaft iwwerdroen.

Amtsiwwernam
uewen: Den Dan Kersch iwwerdréit dem Georges Engel d’Funktioun als Sportsminister © SIP / Luc Deflorenne – ënnen: Bei der Amtsiwwerdroung vun de Funktiounen als Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a Sozial- a Solidarwirtschaft © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Dernières nouvelles