D’Applicatioun CovidCheck.lu gouf ugepasst

Am Kampf géint de Coronavirus an duerch déi nei Sécherheetsmoossnamen, gouf d’Applicatioun CovidCheck.lu un den 2G+ ugepasst.

Dës nei Funktioun gouf dobäi gefüügt, fir d’Kontroll am Kader vun den neie Mesuren ze erméiglechen. Dozou gehéiert déi sougenannte Booster-Impfung.

Vun elo un kann een also ënnerschiddlech Kategorien auswielen – Reesen, 3G, 2G an 2G+.

Wann een de CovidCheck-Certificat mam 2G scannt, weist sech ee gréngt Feld. D’Booster-Impfung ass validéiert.

Orange heescht, datt ee gültege Genesungscertificat oder eng vollstänneg Impfung ouni Booster virläit. An dësem Fall muss een een zertifizéierte PCR-Test virweisen oder een Antigen-Test op der Plaz maachen. Fir dëst ze iwwerpréiwen, muss d’Funktioun 3G ausgewielt ginn.

Ee rouden Ecran heescht, datt den Certificat net valabel ass.

Notzer, déi hier Updaten net automatesch maachen, si gebieden dëst manuell nozehuelen.

Hei ass ee klenge Video zu der neier Applicatioun:

Dernières nouvelles