Atomwaffen ofschafen!

De Sonndeg huet de russesche Präsident Putin geuerdert, « Ofschreckungswaffen » an eng méi héich Stuf vun der Alarmbereetschaft ze versetzen.

Domat erreecht de Krich vu Russland an der Ukrain eng nei geféierlech Dimensioun. De Weekend gouf och a verschiddene Länner vun der Nato Stëmmen haart, déi no enger atomarer Bewaffnung vun der däitsche Bundeswehr an aneren Arméien vu NATO-Staaten ruffen, an no enger « europäescher » Atombomm.

Déi kommunistesch Partei protestéiert energesch géint jeeglech Dreeung mat Atomwaffen. Mir erënneren eis un déi Folgen, duerch den Ofworf vun engem Atomsprengkierper duerch d’USA am August 1945 iwwert de japanesche Stied Hiroshima an Nagasaki.

Esou ee Krichsverbriechen däerf nimools widderholl ginn.

De militäresche Konflikt an der Ukrain verschäerft sech, mee d’Waffe mussen esou séier ewéi méiglech néiergeluecht ginn.

Dës weideren sollen déi russesch Truppen sech op russescht Gebitt zeréck zéien. Et sollen awer och Léisunge fonnt ginn, fir eng weider Ausdeenung vun der NATO a Richtung vun de russesche Grenzen ze verhënneren.

Sämtlech Bestriewunge vu Politiker vun der Ukrain an anere Staaten, iwwer eegen Atomwaffen verfügen ze wëllen, mussen dréngend verbuede ginn.

D’Welt wäert net méi sécher duerch nach méi Waffe ginn. De Besëtz vun Atomwaffen déngt net der géigesäiteger Ofschreckung. D’Welt befënnt sech stänneg an der Gefor vun enger atomarer Vernichtung, esoulaang Atomwaffen existéieren.

Dës Gefor ze eliminéieren, ass eng vun den drénglechsten Aufgabe vun eiser Zäit. Dat geet net mat eesäitege Schrëtter, mee duerch déi gläichzäiteg Ofschafung vun allen Atomwaffen an alle Länner, déi dës Waff besëtzen.

Mir fuerderen vun der Lëtzebuerger Regierung, hire Widerstand géint den UNO-Vertrag zum Verbuet vun allen Atomwaffen opzeginn an dëse Vertrag direkt ze ënnerzeechnen. D’Regierung muss gläichzäiteg dofir antrieden, datt d’NATO hir Doktrinn vun der nuklearer Ofschreckung opgëtt a Verhandlunge mat allen Staaten ophëlt, déi Atomwaffe besëtzen. Nëmmen esou kann een d’Modalitéiten zur kontrolléierbarer a vëlleger Ofschafung vun dëse Waffen ausmaachen.

D’KPL rifft all Parteien, Gewerkschaften, a gesellschaftlech Organisatiounen zu Lëtzebuerg dozou op, zesummen fir d’Ofschafung an d’Eliminéieren vun enger nuklearer Katastroph, fir eng Welt ouni Atomwaffen, eng friddlech Welt an eng Welt, wou international zesummegeschafft gëtt.

*matgedeelt vun der KPL

Dernières nouvelles