Ausgebrannt

Um fréien Donneschdeg Mueren (3.40 Auer) gouf der Police gemellt, datt op der Friddensplaz (dat ass de grousse Parking géintiwwer dem Café Roude Léiw) e Gefier géif a Brand stoen. De CGDIS war séier op der Plaz, mee d‘Pompjeeë konnten hei net méi verhënneren, datt d‘Feier op ee weidert Gefier iwwergegraff huet.

Well dëst och schonn Zolidd „ënnerwee“ war, ass zu feierbedéngten Explosioune komm, wat eppes d‘Läschaarbechte kuerzzäiteg behënnert huet. De Brand war awer uschléissend séier ënner Kontroll bruecht ginn. Bei dësem Virfall ass kengem ee Leed geschitt, esou eng weider Prezisioun. Well am presente Fall Brandstëftung net kann ausgeschloss, ginn, huet d‘Police en Zeienopruff lancéiert.

Sollt et Zeien hunn, déi ëm de genannten Zäitraum verdächteg Persounen/Aktivitéite bemierkt hunn, esou sinn dës gebieden sech mat der Police iwwert den 113 ze mellen.

Dernières nouvelles