Automobilisten uecht gedoen!

D‘Wiederfräsche vum Findel (MeteoLux) hunn eng Wiederwarnung erausginn. Vun den Owend ab 21 Auer un, an dat bis an d‘Nuecht eran, wäert et schneien. D‘Alerte ass op Niveau „Giel“, dat steet fir eng potentiell Gefor. Gerechent gëtt mat engem bis dräi Zentimeter, et ka Plazeweis eppes méi sinn.

Et ass dat weder dramatesch nach iergerlech, ëmmerhin ass Wanter an jiddereen huet jo déi richteg Pneuen opleien. Trotzdeem dierf dru erënnert ginn, datt ee seng Conduite muss de Konditiounen déi Strooss bitt, upassen. Bei den aktuellen Temperature kann et zudeem plazeweis zu Glatäis kommen, och hei heescht et oppassen. De Schnéi soll sech dann nach emol e Mëttwoch an ee Freideg weisen.

Dernières nouvelles