Erënnerung un d‘Ardennenoffensive: Aweiung vum Gedenkwee um Schumannseck

De 27. Dezember 1944 huet um Schumannseck d‘Ardennenoffensiv hiren Ufank geholl, wouduerch och en Deel vum Norde vun eisem Land besat ginn ass. Als Erënnerung un dëse grujelegen Ofschnëtt vun der Geschicht ass de 15. Juni, a Presenz vun de Ministere Lex Delles a Claude Turmes de frësch amenagéierte Gedenkwee ageweit ginn.

Um thematesche Pad vun 1,2 oder 2,8 Kilometer begleeden ee liewensgrouss Silhouetten vun den Zaldoten an Zivilisten. Si bidden en Abléck an déi traureg an donkel Realitéit vum Krich, a baséieren op originale Fotoen aus där Zäit a Géigend.

Aweiung vum Gedenkwee um Schumannseck
© Caroline Martin

Verdéiwe kann een d‘Kenntnisser iwwert d‘Ardennenoffensiv duerch Temoignage vun Zäitzeien. Per QR-Code kann ee sech hir Erzielungen op Däitsch, Franséisch an Englesch ulauschteren. Ouni sech selwer direkt am Krich ze befannen, kann ee sech en Androck vum Leed a Liewen vun den amerikaneschen Zaldoten an de Lëtzebuerger Awunner maachen.

Aweiung vum Gedenkwee um Schumannseck
© Caroline Martin

Eréischt mat der Befreiung vu Wolz den 21. Januar 1945 konnt den haarde Kampf vum Schumannseck, deen iwwregens eng strategesch wichteg Kräizung war, beendegt ginn.

Dernières nouvelles