Ënnerwee mam Zuch: D’Bâtiments Voyageurs solle gréisstendeels erhale bleiwen

Zuchgaren, Haltestellen an déi dozougehéiereg Gebaier fir Passagéier sinn Undenken un d’Vergaangenheet a kënne sech gutt an der Géigewaart integréieren. Aus dësem Grond hunn de Vize-Premier an Transportminister François Bausch an d’Kulturministesch Sam Tanson gëschter presentéiert, wéi eng Bauwierker als schützenswäert ugesinn a klasséiert solle ginn.

D’CFL zerwéiert ganzer 68 Garen an Haltestellen, dovunner 2 op franséischem Terrain (Audun-le-Tiche a Volmerange-les-Mines). Zu Lëtzebuerg existéieren dobäi 38 Gebaier fir déi Reesend (bâtiments voyageurs – BV).

Zesumme mam Service des sites et monuments nationaux an der CFL gouf d’Decisioun getraff, datt 12 vun dëse Gebaier – ze fannen zu Walfer, Luerenzweiler, Dikrech, Klierf, Rued un der Syr, Wecker, Mamer, Leideleng, Péiteng, Beetebuerg, Rodange an Téiteng – als schützenswäert sollen deklaréiert ginn.

An der Haaptstad, zu Miersch a Kruuchten existéieren elo schonn 3 klasséiert Gebaier fir Passagéier. Ma, an Zukunft sollen och déi restlech 20 Gebaier heizou gezielt ginn. Zousätzlech dozou wäerten 10 ugebonne Bauwierker ënnert nationale Schutz gestallt ginn. Bis ewell ass dëst scho bei 2 Gebaier geschitt, dorënner de fréieren Direkterposten op der Mierscher Gare.

Et wäert net alles erhale bleiwen

Duerch déi verschidde Projeten zum Ausbau an der Moderniséierung vun eisem Schinnennetz wäert d’CFL d’Gebai zu Bierchem ofrappen fir esou Plaz fir nei Infrastrukturen ze schafen. Och zu Capellen bleift d’Gebai net erhalen, aus Grënn vun der Konformitéit vum Arrêt a fir esou d’Ewechfale vum Passage um Niveau N°81b ze erméiglechen.

Als wichtege multimodale Punkt kënnt och op d’Konstruktioun zu Ettelbréck dat selwecht Schicksal duer. Hei ass virgesinn d’Gleiser nei ze plangen, zwou nei Ënnerféierungen a Quaien bäizebauen, d’N7 an den Ënnergrond ze verleeën, eng nei Gare mat neiem P&R an natierlech och engem neie Gebai fir d’Passagéier ze bauen

Ma, al Steng an d’Struktur vun der Marquise wäerte recuperéiert ginn. Zu Péiteng komme si um Quai vum Train 1900 an den Asaz.

Dernières nouvelles