D’Lëtzebuerger Bestëbser: Fir de Schutz an Erhalt vun eisem Ekosystem

Datt och klengt Gedéiesch eng grouss Aufgab fir eist Iwwerliewe leescht, mierkt ee virun allem, wann ee sech emol mat de Bestëbser beschäftegt. Am natierlechen Ekosystem ass all Element vuneneen ofhängeg, an esou droe Beien, Päiperleken an aner Insekten hiren Deel dozou bäi, datt eis Liewensmëttelsécherheet garantéiert gëtt.

Wéinst dem Nektar an de Pollen sichen Insekten Bléien op, droen Polle virun an bestëbsen duerch eng einfach Beréierung gläichzäiteg nees aner Planzen. Esou gëtt fir hir Fortplanzung gesuergt, awer och dofir, datt beispillsweis Uebst a Geméis wuessen an uschléissend op eisem Teller lande kann.

Iwwer 85 % vun de weltwäite Kulture si schliisslech op Bestëbser ugewisen. Bei, Päiperlek a Co. suerge fir d’Iwwerliewe vu Wëllplanzen, wat zousätzlech nees Liewensraum fir weider Déieren an Insekte bitt.

Stierft d’Bei, stierft de Mënsch?

Laut der Naturschutzunioun IUCN ass 1 vun 10 Beien-Aarte vum Ausstierwe bedreet, änlech gesäit et och bei de Päiperleken aus. Z’erklären ass hiert Verschwannen a Stierwen nees duerch déi typesch Ursaachen: den Asaz vu Pestiziden, intensiv Landwirtschaft, Verloscht vu Liewensraum, Krankheeten a Klimawandel.

An dësem Kader huet de Ministère fir Ëmwelt, Klima a ländlech Entwécklung säi Bestëbser-Plang 2021-2026 presentéiert, duerch dee sech fir de Schutz an Erhalt vun dëse wichtege klenge Gesellen asetze soll.

Geplangt ass esou vill wéi méiglech Acteuren a Projeten ze mobiliséieren, fir zesummen déi verschidde Moossnamen ëmzesetzen an e weidere Verloscht vu (raren) Aarten ze verhënneren sou wéi d’Insekten, hire Liewensraum an esou den Ekosystem ze erhalen.

Aus dësem Grond sinn 11 Aktioune fir de Schutz, Erhalt an d’Gestioun geplangt. Souwuel a geschützten Zonen wéi och am urbane Raum soll gehandelt ginn. Dobäi komme 4 Aktiounen fir besser Kenntnisser vun der Situatioun ze kréie, beispillsweis duerch en nationale Monitoring oder en Atlas vun de wëlle Beien a Päiperleken.

Zu gudder Lescht ginn et 6 Aktiounen, déi hiren Deel zur Formatioun, Kommunikatioun a Sensibiliséierung bäidroe sollen. Well d’Thema net nëmmen d’Wirtschaft an d’Landwirtschaft, mee déi generell Zivilgesellschaft ugeet, ass den Asaz vu jidderengem gefuerdert. Passend dozou gouf d’Internetsäit www.planpollisinateur.lu an d’Liewe geruff, wou de Kader, den Aktiounsplang an d’Moossnamen detailléiert beschriwwe sinn.

Dernières nouvelles