Fir Kanner an enger Noutlag: D’Bestgensmillen gëtt ee sozio-therapeuteschen Zentrum

Zu de 7 Lëtzebuerger Strukture fir Kanner an enger Noutlag, kënnt deemnächst nach eng weider dobäi. Zesumme mat der Gemeng Schëffleng huet de Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend decidéiert d’Bestgensmillen, déi 1985 dem Staat geschenkt gouf, an ee sozio-therapeuteschen Zentrum ëmzewandelen.

Dobäi ass et d’Asbl Telos Education, déi sech drëm këmmere wäert d’Kanner aus dem Fondamental ze empfänken an ze betreien. Alles wat mat der Schoul ze dinn huet, gëtt vum Zentrum fir sozio-emotional Entwécklung (CDSE) garantéiert.

D’Bestgensmillen ass als nationaalt Monument vun der Gemeng Schëffleng klasséiert. Nodeems d’Gebai 1803 erbaut an als Karmille genotzt gouf, duerch e Feier deelweis zerstéiert, nees opgebaut a vergréissert ginn ass, hunn d’Gesëschter Bestgen schliisslech dem Staat d’Millen geschenkt.

D’Bauwierk gouf renovéiert a souguer déi al Maschinnen nees an e funktiounsfäegen Zoustand bruecht ginn. Uschléissend hat d’Mille verschidde Funktiounen a war schonn e mol e sozialpedagogeschen Zentrum fir Jugendlecher. De Restaurant wäert erhale bleiwen a weiderhi senge Gäscht kulinaresch Kreatiounen ubidden.

Dernières nouvelles