D‘ADR besuergt ëm d‘Grondrechter

Nodeems de Minister fir bannenzeg Sécherheet, zesumme mat der Stater Buergermeeschtesch an dem Direkter-Adjoint vun der Police d‘Mesure fir den Encadrement vun de Manifestatioune vun dësem Weekend presentéiert hunn, stellt ee sech bei der ADR eng Rei Froen. Dës huet den ADR-Deputéierten zesummegefaasst, an der Regierung weidergeleet.

D‘ADR erkennt an dëse Mesuren eng „Limitatioun vun der Meenungsfräiheet“. Dat ass gewëss, wann een et ganz genee hëlt net verkéiert. Et ass zudeem eng Première, datt esou Mesure mussen ergraff ginn, an de Grond ass esou ersiichtlech wéi verständlech. Wann Demonstrante vun hirem Verfassungsrecht op Protest gebrauch maache fir onbedeelegt Bierger an Angscht a Schrecken ze versetzen, kann de Staat net nokucken. An d‘Recht op Demonstratioun gëtt hei kengem ofgeholl.

Eng Äntwert op d‘Fro vum honorabelen ADR-Deputéierte, dierft net virun der nächster Woch, also no de Manifestatiounen, déi fir de Weekend ugemellt goufen, ze erwaarde sinn. Elo kann ee sécher doriwwer debattéieren ob dee vun der Regierung an Ofsprooch mat Gemeng a Police gewielte Perimeter richteg oder falsch ass. Dat ännert leider näischt um Fait, datt déi Exactioune vun engem geréngen Deel u Manifestanten, esou eng Decisioun zwéngend noutwenneg gemaach huet.

Dernières nouvelles