Mat Humor: E weidere Plagiatsvirworf fir de Xavier Bettel

Nodeems eisem Lëtzebuerger Premier- a Staatsminister Xavier Bettel virgeworf gëtt, bei sengem DEA Wuert fir Wuert ofgeschriwwen hätt ouni déi néideg Quellen unzeginn, gëtt hien elo och beschëllegt sech beim hollännesche Fändel méi wéi inspiréiert ze hunn.

Natierlech geet et hei ëm e Satire-Beitrag, e kuerzt Schmunzele sief garantéiert. Béid Fändelen, déi och als Symbol vum jeeweilege Land gëllen, si vun uewen no ënnen a Rout-Wäiss-Blo gehalen, woubäi jidderengem bewosst sollt sinn, datt eise Groussherzogtum geziilt op en méi hellt Blo, dat sougenannt ‘Himmelblo’ (Pantone 299C) gesat huet.

Eisen trikolore Fändel mat Horizontal-Sträifen soll un d’Staatswopen mam roude Léif an dem blo-wäissen Hannergrond ugepasst gi sinn. Den éischte bekannte Fändel soll iwwregens de Grof Wilhelm vu Lëtzebuerg am Joer 1123 gedroen hunn. Allerdéngs geet een dovunner aus, datt bei dëser Versioun horizontal Sträifen an de Faarwe giel a rout genotzt gi sinn.

Dernières nouvelles