De Boxemännchen: E leckere Kärel!

Fir d’Lëtzebuerger gehéiert e Boxemännchen zum Wanter, wéi d’Bullen un de Chrëschtbeemchen. Vu ganz simpele Versiounen aus Brioche-Deeg, hin zu dekoréierte Kärelcher mat Päif, Schockela oder Roséngercher bitt all Bäckerei ëm déi kal Joreszäit dëse klenge Männchen un. Ma, wousst Dir, datt hien nach Gesécherter a Cousinen huet?

Wat bei eis de Boxemännchen ass, heescht vun der Nordeifel bis Köln Piefekopp, zu Hessen Weggbopp an am Elsass Menele. An Holland dréit en den Numm Weckman oder och Piepespringer, wärend en a villen Deeler vun der Schwäiz Grittibänz, zu Basel allerdéngs Grättimaa genannt gëtt.

Generell soll de gebakene Männi wuel de Bëschof vu Myra -eisen Niklos – duerstellen, deem iergendwann eng Päif amplaz vum Stab an de Grapp gedréckt gouf. Elo war et am Mëttelalter e Brauch, datt Persounen, déi net an d’Mass goen duerften, eng Figur mat reliéisem an/oder traditionellem Hannergrond aus Deeg kruten.

Mir leeën net eis Hand dofir an d’Feier (d’Quellen hunn net wierklech eppes zum Ursprong vum Boxemännchen zu Lëtzebuerg hierginn), mee ginn dovunner aus, datt ee sech och hei am Land un dëser Traditioun inspiréiert a schliisslech eis Versioun vum Brioche-Männchen entwéckelt hunn.

A wie sech emol selwer am Boxemännchen-Baken ausprobéiere wëll, fir dee gëtt et beispillsweis e Rezept vum Maischi Tibesart oder Anne’s Kitchen.

Dernières nouvelles