Kee Lockdown, awer méi streng sanitär Moossnamen

Nodeems de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel gëschter Owend iwwer Twitter matgedeelt huet, datt de Regierungsrot zesummekënnt a Moies iwwert d’Situatioun informéiert wäert ginn, stoung fir déi meescht wuel fest, datt virun de Feierdeeg déi sanitär Moossname verschäerft ginn. Den Text soll e Freideg gestëmmt ginn an d’Upassungen e Samschdeg a Kraaft trieden.

Kee Lockdown, awer méi streng sanitär Moossnamen
Xavier Bettel / Twitter

Grond fir d’Verschäerfung vun de Moossnamen sinn nei Erkenntnisser iwwert den Omikron. Dës Variant vum Coronavirus verbreet sech 10 Mol méi schnell a wier och 10 Mol méi ustiechend, wéi dat, wat ee bis elo kannt huet. Nach kann een net aschätzen, wéi geféierlech d’Variant tatsächlech ass, allerdéngs gëtt befiercht, datt den Omikron och zu Lëtzebuerg wäert dominant ginn.

Nach schnell d’Brems unzéien

Wat sech méi Leit ustiechen, wat och méi Mënschen a Quarantäne mussen. Fir de Premier bedeit dat, datt essentiell Beruffsgruppen an d’Laberente kommen. De Risiko besteet, datt Gesondheets- a Fleegepersonal, Pompjeeën, Léierpersonal a weidert wichtegt Personal ausfalen.

De leschten Erkenntnisser no sinn zu Lëtzebuerg 5 Persounen um Omikron erkrankt. Schnelltester fonctionéieren bei dëser Variant, sozial Distanz an d’Droe vum Mask schützen, an och d’Impfung erméiglecht eng gewësse Balance.

Allerdéngs ass gewosst, datt d’Vaccinen vis-a-vis vun anere Varianten net esou effikass sinn. Läit d’Impfung 4-5 Méint zeréck, ass de Schutz net méi all ze héich. No der 3. Dosis – dem Booster – läit de Schutz bei 70 %.

Kee Lockdown, awer méi streng sanitär Moossnamen

Passt op Är Matmënschen op

Zum Lockdown kënnt et kuerz virun de Feierdeeg net, Kontakter sollen awer ageschränkt ginn. Zesummegefaasst bedeit dat Folgendes:

  • Horeca-Secteur: Spärstonn ab 23 Auer an 2G+ (Genesen oder geimpft mat Schnelltest, Ausnam fir geboostert Leit)
  • Rassemblementer bis 10 Leit: 3G Reegelung
  • Rassemblementer ab 10 Persounen: 2G-Regimm
  • Rassemblementer ab 20 Persounen: 2G+ Reegelung (erëm mat Ausnam fir déi „Geboostert“)
  • Rassemblementer iwwer 200 Leit: Just mat sanitärem Konzept, dat mat der Santé ausgeschafft gëtt
  • Schoulen: Maskeflicht fir Kanner an Enseignanten
  • Impfung: Elo och fir Kanner ab 5 Joer
  • Finanziell Hëllefen fir Entreprisen a Selbststänneger: Déi al Berechnungsmethoden vum leschte Wanter ginn nees agefouert

Generell gëtt u jiddereen appeléiert op d’Brems ze trëppelen an iwwert d’Feierdeeg d’Kontakter ze reduzéieren, besonnesch am Respekt vum Gesondheets- a Fleegepersonal.

Fir de Januar hofft een op e méi kloert Bild. Doropshin ginn d’Moossnamen eventuell nees ugepasst. De Staatsminister Bettel an d’Gesondheetsministesch Lenert si sech bewosst, datt d’Ännerungen elo kuerzfristeg kommen, an awer si se essentiell fir preventiv ze handelen.

D’Haaptprioritéiten leien aktuell bei de vulnerabele Persounen, déi nach ëmmer keng effikass Méiglechkeet hu sech géint de Virus ze schützen; d’Impfe generell an d’Boosteren, wat aktuell eng méi grouss Urgence ass wéi een eigentlech geduecht hat.

Dernières nouvelles