An Erënnerung un d’Lakerten

Gëschter gouf zu Weimeschkierch beim Kulturzenter „Am Duerf“ eng bronze Gedenkplack fir d’Lakerten ageweit. Och nach bekannt ënnert dem Numm „Lompekréimer“ huet dës Gemeinschaft vum Lompesammele gelieft a war bekannt fir de Gebrauch vun der jéinescher Sprooch, déi si och Lakerschmus genannt hunn.

Mat dësem Denkmal gi mir zeréckversat an d’Zäit tëscht dem Mëttelalter an dem Enn vum 19. Joerhonnert. Zu Weimeschkierch, am Pafendall, Grond, Clausen an zu Eech hunn d’Lakerte sech mat enger Sprooch verstännegt, déi just si ënnerenaner verstanen hunn.

Iwwereg bliwwe vum Jéineschen sinn haut vläicht nach e puer rare Ausdréck, richteg geschwat gëtt et awer net méi. Vläicht kennt jo den een oder anere vun Iech de Saz „Kuff d’Schmull an dibber nobes!“

Wisou dann eng Geheimsprooch?

Am 19. Joerhonnert solle bis zu 184 jéinesch Famillen zu Weimeschkierch vum Lompesammele gelieft hunn. Als éischter arem Bierger um Rand vun der Gesellschaft hu si sech missen eng afale loossen, fir e puer Su ze kréien. Esou wollte si sech mat enger Geheimsprooch e klenge Virdeel beim Handel verschafen.

Virun allem säit dem Zweete Weltkrich hunn d’Beruffer vum Lompekréimer, Schrotthändler, Messerschläiser oder och dem Dëppegéisser u Bedeitung verluer. Vill Lakerten hu sech anescht missen orientéieren an hunn zum groussen Deel eng Plaz an enger Fabrick kritt.

Esou koum et zum Optrag

Et war d’Gemeng Lëtzebuerg, déi op Initiative vum SIL a mat engem Ustouss duerch eng Motioun vun déi Lénk Stad, den Optrag fir d’Bronzeplack ginn huet. D’Lëtzebuerger Artistin Myriam R. Schmit, déi hiren Atelier um Kierchbierg huet, duerft d’Konschtwierk ufäerdegen. No hirem Konschtstudium a Frankräich, dunn an der Belsch, huet si sech ënnert anerem mat Skulptur an Zeechne beschäftegt, ier si sech 1994 op d’Kreatioun vu Bronze konzentréiert huet.

Begleet gëtt d’Wierk vun engem Panneau mat Erklärungen. Bei der Aweiung waren d’Representante vun de Gemengen- a Schäfferéit sou wéi de lokale Syndikater vun Eech, Dummeldeng a Weimeschkierch present.

Dernières nouvelles