Buchtipp: Maus

D’Graphic Novel « Maus » vum Art Spiegelmann ass eng Geschicht, déi een esou séier net méi vergësst. Ironesch un dëser Tatsaach ass, aus wéi engem Grond d’Buch nees u Popularitéit gewonnen huet.

Dëst ass passéiert, nodeems ee Schoulmeeschter aus den USA d’Buch vu sengem Schoulplang gestrach huet. A genee duerch dës Kontrovers huet « Maus » sech zum Bestseller entwéckelt. Den däitsche Fischer-Verlag war fir d’Verëffentlechung zoustänneg.

An deem ongewéinleche Comic gëtt déi authentesch Liewens- a Leidensgeschicht vum polnesche Jud Wladek Spiegelmann erzielt. Hien erzielt sengem Jong Art, déi ënnerschiddlech Statioune vu sengem Liewen.

D’Erënnerunge verschafft den Art mat dëser Graphic Novel. De Wladek Spiegelmann huet a Polen gelieft, hien hat eng Fabrick. Ee Liewen. An dunn hunn d’Nazien d’Land besat an an ënnerschiddlech Zonen opgedeelt. Fir d’Famill ass een Albdram ugaangen. Si kruten hier Rechter ofgeholl a goufen deportéiert. Dobäi huet de Wladek Spiegelmann d’Konzentratiounslager Ausschwitz iwwerlieft.

Déi Chance hat net jiddwereen.

Fir säi Jong ass dës perséinlech « Maus » och ee Versuch säi Papp ze verstoen. De Wladek ass ee schwéiere Charakter, gäizeg an e sicht gäre Sträit. Ass Ausschwitz a säin Trauma u senge Charakterverännerunge Schold? Den Art kennt vill Bekannter, déi Auschwitz och iwwerlieft hunn, ma keen ass mat sengem Papp ze vergläichen.

Et muss schwéier gewiescht sinn, sech fir säi Jong u vergaangen Zäiten ze erënneren. Ech ka mir virstellen, de Wladek hätt dat alles léiwer vergiess. A genee dofir ass « Maus » net nëmmen een Erfarungsbericht, mee och eng Studie iwwert d’Liewen an d’Leiden nom Krich.

Dëst Trauma manifestéiert sech och an de Kanner vun Iwwerliewenden. Dofir wëll den Art säi Papp a seng eegen Depressioune besser verstoen. Eng interessant Perspektiv ass, datt hie fir d’Protagonisten Déieren notzt – d’Judde si Mais, déi Däitsch si Kazen. Dat erkläert scho villes.

D’Buch ass schonn am Joer 1986 verëffentlecht ginn – am Joer 1992 huet « Maus » de Pulitzer-Sonnerpräis erhalen. Och den Holocaust-Musée zu Washington hält Konscht fir ee wichtegt Instrument zur Geschichtsopklärung. D’Buch ka Kanner inspiréiere kritesch iwwert d’Vergaangenheet esou ewéi iwwer hier eege Roll a Verantwortung haut nozedenken.

Ech muss zouginn, datt et schwéier war d’Geschicht ze liesen. Ech hunn dacks missen eng Paus maachen an d’Trauregkeet hannert mir loossen.

Liesen oder net? Jo! Et ass ee wichtegt Wierk. Iwwerzeegend a beréiernd. Ech fanne souguer, datt d’Lektür an de Schoulen agefouert sollt ginn. Dëst kéint eventuelle Radikaliséierunge virbeugen an d’Welt ee Stéck besser maachen.

Dernières nouvelles