Buchtipp: Roxy

Wow, wat fir een Trip! Ech hunn d’Geschicht an e puer Deeg duerchgelies. Et muss ee wierklech mol op d’Iddi kommen, Drogen a Medikamenter mënschlech ginn ze loossen.

Dëse Bléckwénkel ass nawell interessant an zwéngt de Lieser, sech mat de verbuedene Medikamenter auserneen ze setzen.

Et ass nawell déifgrënneg, nodenklech an immens traureg. D’Tréine schéissen ongewollt an d’Aen. Trotz allem huet d’Handlung e puer gutt Stelle fir ze laachen an esou e bëssen Drock opzebauen. Eigentlech wär et eng perfekt Geschicht, déi an de Lycéeë gelies sollt ginn.

Den Isaac ass een normale Schüler, deen sech un d’Reegelen hält. Bis datt hien sech de Fouss verstaucht. Hien hëlt eng Pëll géint Péng. A leider ass déi berüümten Ofhängegkeet séier do.

Wéi geet dat wuel aus?

Seng Schwëster ass dee genaue Géigendeel, hatt huet ADHS a massiv Konzentrationsstéierungen. Opputschmëttel hëllefen him am beschten.

Interessant ass, déi ganz Drogefamill kennenzeléieren – si sinn Halluzinogene, Péng – oder Opputschmëttel. Dobäi hat ech kee Problem, mir déi ënnerschiddlech Mënschen (a Versuchungen) virzestellen. D’Autoren Neal a Jarrod Shusterman hunn mat dësem Buch aus dem Fischer Verlag ee wichtegt Thema ugeschwat.

Et war beängschtegend fir ech. Novollzéibar. Verstéierend. Wéi wann ech Matgefill mat dësen Drogen hätt. Ech war gefaangen – tëscht dem Isaac a senger Schwëster, gefaangen tëscht Faszinatioun a Sucht.

Déi ongewéinlech Geschicht kann een hei bestellen – oder an enger Librairie kafen.

Dernières nouvelles