46 Affer bei Busaccident a Bulgarien

E Reesbus dee vun Istanbul aus a Richtung Skopje (Nordmazedonien) ënnerwee war, ass bei Sofia (Bulgarien) aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach an d‘Leitplanke gerannt an direkt a Flamen opgaangen. De Bus dee mat ville Famillje besat war soll awer technesch an der Rei gewiescht sinn, esou de Bedreiwer.

Den Ausseminister vun Nordmazedonien, Bujar Osmani, war direkt um Moien op Sofia geflunn, den nordmazedonesche Ministerpresident Zoran Zaev ass um fréien Nomëtteg och a Bulgarien ukomm. Den Ausseminister erkläert: „Et handelt sech bei den Affer ëm jonk Familljen, déi wéinst dem Feierdag um Méindeg en Ausfluch gemaach haten“. Déi meescht Affer sinn nordmazedonesch Staatsbierger. Et géifen eng Persoun mat belschem Pass an ee Serb op der Passagéierlëscht stoen.

Zu den Ëmstänn vum Accident ass wéineg gewosst. Wat gewosst ass: an de fréie Moiesstonnen ass de Bus op der Struma-Autobunn, eng 40 Kilometer viru Sofia an d‘Leitplanke gerannt. Nëmme siwe Mënsche sollten dat iwwerliewen. Ee vun dësen huet den Enquêteuren erkläert, datt hie vun enger hefteger Explosioun aus dem Schlof gerappt gouf. Op dat virum Zesummestouss mat der Leitplank war, konnt net ofschléissend gekläert ginn. D‘Feier ass awer vir am Bus ausgebrach…

Eng kleng Chance fir d‘Leit wou hannen am Bus gesiess waren. Si konnten d‘Fënsteren aschloen a sech esou virun de Flamen a Sécherheet bréngen. Trotzdeem sinn net ouni Blessen dervu komm a ginn zur Stonn am Spidol „Pirogow“ zu Sofia behandelt. De Chef vum Spidol bestätegt, datt kee vun den Affer hei a Liewensgefor ass. Den Interim-Regierungschef vu Bulgarien, Stefan Janew huet sech och op der Plaz ee Bild vun der Tragedie gemaach an den Affer säi Bäileed ausgedréckt.

Fir de geschäftsféierenden Inneminister Boiko Raschkow, deen a senger viregte Liewe Polizist war, ass dat Ganzt eng riseg Tragedie: „D‘Bild ass erschreckend a kaum ze erdroen. Ech hunn esou eppes nach ni erlieft. D‘Mënsche leie verkuelt op engem Koup, an all d‘Doudesaffer mussen elo identifizéiert ginn“. Wéi séier d‘Onfallursach kann ermëttelt ginn a wéi laang et brauche wäert bis d‘Affer dann identifizéiert sinn, léist sech zur Stonn net soen. D‘Autoritéite sinn awer beméit….

mat indymedia/sof/bru

Dernières nouvelles