Campagne „MOTO“ 2022: Bis ewell schonn 449 Protokoller

De Summer ass do an domat huet och d‘Motorradssaison gestart. An dësem Kader huet d‘Police nees seng Campagne fir Verkéierssécherheet „MOTO“ 2022 lancéiert an elo en éischten Tëschebilan gezunn.

Bei de Kontrollen gouf ënnert anerem d‘Vitesse gemooss, sou wéi den Equipement vum Motard, den techneschen Zoustand vu senger Maschinn an d‘Pabeieren méi genee ënnert d‘Lupp geholl.

D‘Police mellt, vum 15. Abrëll bis Enn Mee ëm 3.800 Verkéierskontrollen duerchgefouert ze hunn. Heibäi koum et zu 449 Protokoller.

An 160 Fäll waren d’Motocyclisten ze séier ënnerwee. Dobäi waren 13 Mol 2 Punkten fort. Eng Dose Mol war d’Vitesse esou héich, datt de Procureur informéiert gouf, an der Hallschent vun dëse Fäll gouf de Führerschäin direkt entzunn.

Dobäi komme 50 Fäll, an deenen d‘Pabeieren net an der Rei, respektiv guer net existent waren. Ganzer 40 Mol war den Auspuffsystem net konform. Genee esou vill Fäll gouf et, wou d’Beliichtung, d’Reflekteren oder d’Winker net an der Rei waren.

Weider Protokoller gouf et fir feelend Warnvesten, Pneuen mat ze wéineg Profil oder e geféierleche Fuerstil. Mat weidere Kontrollen musse Motarden nach déi ganz Saison rechnen.

An dësem Kader réit d‘Police reegelméisseg all technesch Aspekter ze kontrolléieren, d’Bremsen virun der Faart ze testen an d’Profil vun de Pneuen am A ze behalen (min. 1,6 mm).

No enger (längerer) Paus sollt ee sech nees un de Moto gewinnen an drun denken, datt d‘Vitesse vun de Motarden fir aner Persounen op der Strooss oft schlecht aschätzbar ass an een méi schnell an en doudege Wénkel geréit.

Dernières nouvelles