Ukrain: Liwwerunge vu CARE-Partnerorganisatioun um Wee

Déi humanitär Situatioun verschlëmmert sech. Dofir ass et gutt, datt « People in Need » mat den éischte Liwwerunge mat Liewensmëttel, Hygieneartikelen, Schlofsäck a Matten um Wee fir an de Weste vun der Ukrain ass. Et si ganz Camione voll mat Hëllefsmëttel.

An de leschten Deeg si méi ewéi 500.000 Mënschen an d’Nopeschlänner geflücht. D’Zuel klëmmt kontinuéierlech – et gëtt erwaart, datt si an den nächsten 2 Deeg bei iwwert eng Millioun leie wäert.

« Mir beobachten a ganz Lëtzebuerg an Europa a virun allem och an den direkten Nopeschlänner eng grouss Hëllefsbereetschaft a Solidaritéit. Mir hoffen op weider Spenden, de Besoin an der Ukrain souwéi an den Nopeschlänner ass enorm », erkläert de Frédéric Haupert, Direkter vu Care Lëtzebuerg.

Et ass egal, wouhinner ee kuckt, iwwerall gëtt Hëllef benéidegt. Mënsche waarden a kilometerlaange Schlaangen op Waasser an Iessen. Un der slowakescher Grenz ass eng Ekipp am Asaz. Si ënnerstëtzen d’Mënschen sécher iwwert d’Grenz ze goen. Transportmëttel an Ausrouméiglechkeete sinn och disponibel.

D’Angscht op weider Attacken ass permanent am Hannergrond. D’Sécherheet feelt. Et ass souguer virkomm, datt Kanner eleng iwwert Grenz geschéckt goufen.

« D’Elteren entscheede sech an der Ukrain ze bleiwen, mee si wëllen hier Kanner a Sécherheet wëssen, » erzielt een Aarbechter vu « People in Need ».

Och dir kënnt hëllefen, wann Dir wëllt. Hei fannt Dir weider Informatiounen.

Dernières nouvelles