Carte Blanche: Solle mir op eist Bauchgefill lauschteren?

Jo, Bauchgefiller kënnen eis täuschen, ma se weisen eis awer och dacks de Wee. An dëse Fäll, sollte mir se op kee Fall ënnerdrécken.

Eng al Schoulfrëndin hat séiss Kanéngercher, déi fréier fräi am Gaart ronderëm gelaf sinn. A well dat mech veronséchert huet – si kéinte jo eppes Gëfteges iessen – hunn ech mat senger Mamm geschwat.

« Déi héiere schonn op hiert Bauchgefill. » Warscheinlech war et awer éischter déi gutt Nues, déi den Déiere gehollef hunn, sech fir Iessbares ze entscheeden.

Ma de Saz ass mir awer am Kapp hänke bliwwen. Heiansdo ass et gutt a richteg op säi Bauchgefill ze héieren.

Leider huet eisen Alldag hautdesdaags bal näischt méi mat der Natur ze dinn. Mir hunn eis Komfortzon verlooss – a kämpfen dacks géint eist Bauchgefill un.

De Bauch ass keen einfache Begleeder. Hien kann eis net einfach de richtege Rot ginn – hien léisst sech éischter vun Angscht beaflossen an hënnert eis esou virun Erfarungen, déi eis eigentlech weiderbrénge kéinten.

Wéi komme mir aus deem ganzen Duercherneen eraus? Hei stellen ech mir dacks den Animatiounsfilm « Alles steht Kopf » vir. An dësem gi Gefiller gären emol ausdiskutéiert.

Ier mir een Bauchgefill einfach ënnerdrécken, lount et sech op jiddwer Fall, genee nozelauschteren. Esou kann analyséiert ginn, ob tatsächlech Gefor besteet oder just d’Angscht Iwwerhand hëllt.

Bauchgefiller, déi mir net ënnerdrécke sollen

Mir ass dat ze vill

Burnout ass keng Auszeechnung dofir ee gudden Aarbechter, Frënd oder Partner ze sinn. All Mënsch huet seng eegen individuell Grenzen. Mir tendéiere gären dozou dës ze iwwerschreiden – an dat obwuel eise Bauch scho laang rebelléiert. Wien jiddwerengem gerecht wëll sinn, vergësst sech selwer.

Iergendwéi mécht mech dat rosen

« Dat huet mech blesséiert, mee … »

« Ech verstinn net, firwat hien dat gemaach huet, mee … »

« Hatt hat bestëmmt seng Grënn. »

Kommen dës Sätz iech bekannt vir? Roserei ass ee Gefill, wat mir eis hautdesdaags bal net méi erlaben. Mir kënnen héchstens mat Wierder ëmschreiwen, wat eis batter eropgestouss ass, mee eisen « awer » signaliséiert, datt et nëmmen hallef sou schlëmm ass. Dobäi huet all Roserei ee Grond. A wa mir déi erofschlécken, kréie mir Bauchwéi.

Ech wëll méi

Dat ass nach esou ee Bauchgefill, wat mir séier ënnerdrécken. Et kléngt nämlech egoistesch. A « wëllen » – wien seet dat schonn? Wann eist Bauchgefill eis seet, datt mir méi wëllen – sief dat vum Liewen oder de Mënschen, befënnt sech eppes net am Gläichgewiicht. An dat muss geännert ginn.

Hei sinn ech richteg

Net vergiessen, et ginn och gutt Bauchgefiller. An déi stellen sech meeschtens an, wa mir mat de richtege Mënschen op der richteger Plaz sinn. D’Geheimnis dobäi?

Et bemierken a vun all Moment profitéieren.

Dernières nouvelles