CGDIS-Expert erëm am Land

No de grousse Schiet, déi den Zyklon Batsirai am Februar – an zemools am Madagaskar hannerlooss huet, huet Lëtzebuerg positiv op d’Noutriff reagéiert an zur Ënnerstëtzung een Expert vum CGDIS dohinner geschéckt, fir der Bevëlkerung ze hëllefen.

Dëse gouf den 23. Februar zu Madagaskar agesat, fir dem Expertenteam vun de Vereenten Natiounen, bei der Bewäertung a Koordinéierung vu Katastrophen an Noutfäll ënnert d’Äerm ze gräifen.

Dës Ekippe ginn ëmmer an der éischter Phas vun engem Noutfall agesat – zemools wann de Besoin no internationaler Hëllef besteet.

No sengem Asaz, deen zwou Woche laang gedauert huet, ass de Claude Hoffstetter, den Donneschten, den 10. Mäerz um Findel zu Lëtzebuerg ukomm, wou en houfreg vun der Famill a sengen Aarbechtskolleegen empfaange ginn ass.

Dernières nouvelles