CGDIS: Gréissert Feier tëscht Chrëschtnech an der Fiels

Gëschter Owend géint 17 Auer waren d’Pompjeeën vun 10 CISen am Asaz, fir e gréissere Feldbrand tëscht Chrëschtnech an der Fiels ze läschen. Blesséiert gouf glécklecherweis keen.

Am Asaz waren d‘Asazkräfte vum CIS Waldbëlleg, CIS Fiels, CIS Noumer, CIS Beefort, CIS Lëntgen, CIS Fëschbech, CIS Miedernach, CIS Iermsdref, CIS Bettenduerf an vum CIS Colmer, sou wéi eng Ambulanz vun der Fiels.

Dës weideren huet et och zu Mäerzeg gebrannt. Hei stoungen Hecken a Flamen, wärend zu Beyren Knascht Feier gefaangen huet.

Dernières nouvelles