Covid-Gesetz op der Aarbecht: D’CGFP fuerdert en direkte Stopp vun allen haarde Sanktiounen

Mat Bléck op dat neit Covid-Gesetz, dat en Donneschdeg dem Parlament zum Votum virgeluecht ginn ass, äussert d’CGFP hir Bedenken am Bezuch op déi schleefend Ëmsetzung vun den neie coronabedéngte Bestëmmungen zum Schutz vum Employé.

No zéien a laange Verhandlungen hate sech d’Sozialpartner an d’Regierung Ufank Dezember op déi obligatoresch Aféierung vum 3G-Konzept gëeenegt. En Haaptelement vun dësem Accord besteet doran, datt déi Beschäftegt, déi aus wéi enge Grënn och ëmmer net an der Lag sinn, e gültege CovidCheck virzeweisen, an Zukunft weder eng Entloossung nach eng Disziplinarprozedur dreet.

Vun Ufank un hat d’CGFP dorop gepocht, datt si just ënnert Berécksiichtegung vun dëse béide Grondprinzipien hir Zoustëmmung kéint ginn. De gewerkschaftlechen Drock, deen virdru wochelaang ausgeüübt gouf, huet dozou gefouert, datt d’Regierung dësen zwou CGFP-Kärfuerderunge Rechnung gedroen huet.

Aus dësem Bléckwénkel gekuckt kann et net sinn, datt iwweräifreg Verwaltunge wärend der bis Mëtt Januar gëlteger Iwwergangsphas drastesch Disziplinarmoossname géint net-konform Mataarbechter ergräifen. Eng esou haart Gangaart steet am krasse Widdersproch zum Kompromess, op dee sech d’Gewerkschaften an de Patronat mat der Dräierkoalitioun gëeenegt hunn.

Aus dësem Grond kann d’CGFP a kenger Weis dulden, datt ëffentlech Bedéngschteter, déi d’Covid-Kontrolloploen net erfëllen, bis zum Akraafttrieden vum neie Gesetz onnéideg schikanéiert an ageschüchtert ginn. Un d’Dräierkoalitioun geet dofir den dréngenden Appell, de Ministèren a Verwaltungen déi kloer Uweisungen ze erdeelen, sech elo schonn no de künftege Reegelen ze orientéieren.

Inkonsequent Virgoensweis beim Homeoffice

Obwuel déi ufanks a puncto CovidCheck onasiichteg Regierung mëttlerweil Konsensbereetschaft gewisen huet, wälzt se bei der Homeoffice-Handhabung d’Verantwortung weiderhin op d’Verwaltungen of. Esou soll dës inkonsequent Virgoensweis dozou gefouert hunn, datt den Teletravail a ville Beräicher vum ëffentlechen Déngscht op vëlleg verschidden Aart a Weisen ugewannt gëtt.

An der aktueller Ausnamesituatioun war et eng gutt Entscheedung, zur Andämmung vun der Ustiechungsgefor d’Unzuel vun den am Staatsdéngscht erlaabten Teletravaildeeg vun dräi op véier pro Woch ze erweideren. Aktuell geschitt dat awer op fräiwëlleger Basis. Entscheet sech also e Verwaltungschef géint dës Aarbechtsweis, gëtt keen Teletravail geneemegt, och wann et sachlech betruecht duerchaus méiglech wier.

Opgrond vun den elo besuergniserreegenden Infektiounszuelen ass d’CGFP der Meenung, datt eng Homeoffice-Recommandatioun aktuell net duergeet. Zil muss et sinn, datt e Groussdeel vun de Staatsbedéngschteten iwwergangsweis nees vun Doheem aus ka schaffen, sou wéi et bei eisen Nopere méiglech ass.

D’Regierung sollt eng kloer Richtung virginn, fir datt den Homeoffice iwwerall do ëmgesat ka ginn, wou et beruffsbedéngt méiglech ass. D’CGFP erneiert seng Fuerderungen no enger eenheetlecher a verbindlecher Homeoffice-Reegelung. Grad a Pandemiezäiten huet sech dës Aarbechtsweis als eng immens wierksaamt Instrument zur Virusbekämpfung erwisen.

Fir d’Post-Corona-Ära gëtt dat fir de Staatsdéngscht allgemeng gëltegt Homeoffice-Reegelwierk per groussherzoglecher Veruerdnung festgeluecht. Nom lafende Gehälterabkommen mussen d’Regierung an d’CGFP bis Mëtt dem kommende Joer eng Eenegung dozou fannen. D’CGFP huet dem zoustännege Minister schonn en ausféierleche Fuerderungskatalog zoukomme gelooss, deen als Grondlag fir déi ustoend Verhandlungen déngt.

Matgedeelt vun der CGFP

Dernières nouvelles