Bamfällaarbechten: Chantier tëscht den Echangeuren Ettelbréck an Angelduerf (19.-22.11.2021)

Duerch Bamfällaarbechten wäert d’B7 tëscht dem Echangeur Ettelbréck an dem Echangeur Angelduerf vu Freides, den 19. November 2021 ab 18:30 Auer bis Méindes, den 22. November 2021 géint 6:00 Auer gespaart sinn.

An dësem Kader wäert

  • D’B7 tëscht dem Echangeur Ettelbréck an dem Echangeur Angelduerf a béid Richtunge gespaart sinn;
  • Den Accès zum Echangeur Ettelbréck a Richtung Angelduerf zou sinn;
  • Den Accès vum Echangeur Angelduerf a Richtung Ettelbréck gespaart sinn.


  • Den Trafic, dee vun der B7 respektiv N7 kënnt an a Richtung Angelduerf wëll, gëtt ab dem Echangeur Ettelbréck iwwert d’N7 bis bei den Echangeur Angelduerf ëmgeleet;
  • Den Trafic, dee vun der B7 respektiv N7 kënnt an a Richtung Ettelbréck fiert, gëtt ab dem Echangeur Angelduerf iwwert d’N7, d’N7A an d’N7 bis bei den Echangeur Ettelbréck geleet.
Dernières nouvelles