Eng eenzegaarteg Kuliss: Chrëschtmaart bei den Uewermaartel Schifergrouwen

Nach bis 1986 gouf an de Grouwen zu Uewermaartel, direkt un der belscher Grenz, Schifer ofgebaut a viru verschafft. Haut ass de Site en historescht Denkmal, wou net nëmme Geschicht iwwer- an ënnerierdesch gelieft ka ginn. Och de Chrëschtmaart huet un zwee Deeg nees eng gewësse Magie a geselleger Stëmmung gebueden.

Mat den éischte Schnéiflacken, déi um Freideg Owend vum Himmel gefall sinn, huet de Musée de l’Ardoise seng Dieren opgemaach. Zuelräich Aussteller, Handwierker an Artisten duerften an der laang gezunnener Hal sou wéi dobaussen an den typesche Chrëschtmaarts-Haisercher weisen, wat si drop hunn.

Vun Dekoratioun, Vullenhaisercher a Bicher, iwwert Bijouen (och där aus Schifer) a waarm Accessoire fir déi kal Joreszäit, hin zu séisse Schneekegkeeten, waarmen a gehäerzte Platen an natierlech dem zum Wanter passende Gedrénks, dat an der Bar „Beim Leekëppert“ zerwéiert gouf, si Kleng a Grouss op hir Käschte komm. Dobäi koumen d’Holzdrechsler an d’Schmatten, déi op der Plaz gewisen hunn, wéi hiert Handwierk fonctionéiert.

Chrëschtmaart am Schifermusée
© Shari Pleimelding / moien.lu

Fir d’Evenement perfekt ofzerënnen hunn um Freideg d’Museker vu Saxitude fir Ënnerhalung gesuergt. Samschdes duerft een dunn dem Tom op der Dréihuergel, de Lompekréimer an de Strëpp vun der Héiltzer Musik nolauschteren. Do kann ee just soen, datt et e richteg gelongene Chrëschtmaart war!

De Site vum Schifermusée ass gratis a kann mat engem Besuch am sougenannte Bopebistro kombinéiert ginn. Wëll ee méi zur Geschicht gewuer ginn, sech als Leekëpper ausprobéieren an, equipéiert mat Helm an Täscheluucht, an d’Schiferminn ofdauchen, esou sollt een eng guidéiert Visitt buchen (vun Abrëll bis Oktober, mat Reservéierung).

Dernières nouvelles