Hëllef a 15 Minutten: Straussefeier beim CIS Réimech

D´Aarbechten um neie CIS Réimech lafen op Héichtouren. An dësem Kader gouf, a Presenz vun der Inneministesch Taina Bofferding, déi traditionell Fête du Bouquet organiséiert.

Op engem Site vu ronn 5.000 m2 entsteet eng nei a modern Kasär, déi op déi aktuell a kommend Besoinen vun eise Pompjeeën äntwere soll. Nieft Plaz fir 8 Läschgefierer a 4 Ambulanzen gëtt de Beruffspompjeeën a fräiwëllegen Asazkräfte den noutwennegen Encadrement gebueden.

Fête du bouquet
© CGDIS

Ma, et handelt sech iwwregens ëm den éischte CIS bei dem de CGDIS selwer Bauhär ass. No der Fusioun tëscht Bous, Réimech a Stadbriedemes soll d´Kasär fir eng besser Couverture an Ënnerstëtzung fir aner CIS en an der Géigend suergen. D´Zil bleift et weiderhin ënnerhalb vu 15 Minutten op der Plaz vum Asaz ze sinn an Hëllef leeschten ze kënnen.

Dernières nouvelles