De Claude Haagen am Austausch mat der Fondation Cancer

De 16. Mäerz 2022 huet de Claude Haagen, Minister fir sozial Sécherheet, Vertrieder vun der Fondation Cancer empfaangen. Dobäi hunn dës, d’Stëftung an hier Aufgabe virgestallt.

Besonnesch wichteg war et der Fondation Cancer, mam Claude Haagen iwwert eng Erhéijung vun ënnerschiddlechen Erstattungen, ewéi Broschtprothesen ze kréien.

Ee weidert Thema vum Gespréich war « Laangzäiterkrankungen ».

Dernières nouvelles